D'Wëldanger Muer

Vu Wikipedia

D'Wëldanger Muer ass eng Kriminalerzielung op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, déi 2009 bei den Éditions Josy Braun erauskoum an déi den Auteur eng Novell genannt huet.

Ëm wat geet et an der Erzielung?[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung wëllt en neie Prisong fir eng honnert Schwéierverbriecher baue loossen awer keng Gemeng ass bereet, dat op hirem Territoire zouzeloossen – mat Ausnam vu Wëldang. Dat ass eng kleng Gemeng mat enger eenzeger Sektioun vu ronn dausend Leit, iergendwou dem Honn hannen. De Buergermeeschter an een Entreprener aus dem Duerf iwwerschloe sech bal, fir de Projet u Land ze zéien. Dat ass sou gutt gesot, well de Prisong soll op engem flaache Fiels, dem „Plakopp“ matzen an engem Héichmuer gebaut ginn. Do kéint kee méi fortlafen, besonnesch wa keng Zoufaartsstrooss a keng Bréck géif gebaut ginn. An deem Fall misst Versuergung an all Persounentransport mat engem Helikopter gemaach ginn. Eng Schnapsiddi!

Eng kleng Biergerinitiativ ass aus ekologesche Grënn géint dee Projet, well d'Wëldanger Muer een eenzegaartegen a wäertvolle Biotop ass.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Anne Schaler ass ëm déi véierzeg Joer al a Léierin an der Wëldanger Schoul. Si ass gescheet a wunnt zu Wëldang bei hirem Papp Pol Schaler, engem pensionéierte Schoulmeeschter. D'Biergerinitiativ „D'Fanger wech vum Wëldanger Muer“ ass der Duechter hiert Wierk.

D'Famill Baltus huet zanter Generatiounen d'Duerfwiertschaft bei der Kierch, déi elo vum Vic a senger Fra Erika bedriwwe gëtt. Hire Jong Célestin, genannt Zëll ass Entreprener. D'Baltusse sinn zanter dem grousse Sträit, deen dee Grousspapp Usch mam Jos Schaler 1947 hat, net gutt op d'Schallesch Famill ze schwätzen an ëmgedréit och.

De Buergermeeschter Jeff Brauer geet mam Zëll op d'Juegd. Et gesäit net nëmme sou aus, wéi wann deen de Jeff an der Täsch hätt.

De Journalist Mike Molter, dee seng Artikele mat „Mimo“ ënnerschreift, suergt fir déi néideg Opreegung an der Press.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Wëldanger Muer ass keng Detektivgeschicht mä éischter ee politeschen Thriller.

An der Affär vum Wëldanger Muer geet Een ze wäit, wat dann och fir déi zwou Parteie schwéier Konsequenzen huet an eng Entscheedung iwwer de Projet "Prisong" mat sech bréngt. Als Bonus souzesoen, gëtt och nach definitiv gekläert, wat kuerz nom Krich mat de Baltussen an de Schaleschen hire Bope passéiert ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]