Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den däitschen Zaldotekierfecht

Schonn an der Zäit vun der Ardennenoffensiv huet den amerikanesche Griewerdéngscht gefalen däitsch Zaldoten aus der Front-Zon erausbruecht, a se mat Camionen op Sandweiler gefouert. Do goufen d'Läichen op eng 500 Meter breet Wiss laanscht de Bësch geluecht.

Zaldotekierfecht zu Housen[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Mäerz 2021 gouf bekannt, datt en däitschen Zaldotekierfecht zu Housen op engem Privatterrain entdeckt gouf. Op deem 16,7 Ar grousse Grondstéck sinn och mënschlech Iwwerreschter fonnt ginn. Nom Lokalhistoriker Yves Rasqui waren hei 165 däitsch Zaldote begruewen, déi all am Wanter 1944 an der Ardennenoffensiv an der Géigend vun Housen gefall sinn. Am Summer 1952 gouf, no engem Accord tëschent der Lëtzebuerger an der Däitscher Regierung, dëse Kierfecht op den Zaldotekierfecht zu Sandweiler an e sougenannt Kameradengrab ëmgebett. Dës Aktioun soll ënner "schwéiere Bedingunge" virun sech gaange sinn, dat géif erklären, datt mënschlech Iwwerreschter "vergiess" goufen. Doriwwer eraus ass och e stengene Gedenksteen aus dem Joer 1946 mat der Opschrëft Dem Andenken unserer gefallenen Kameraden erëmfonnt ginn, niewent enger Rei Gebrauchsgéigestänn vun den Zaldoten, wéi Täschemesser an Helmer. Datt och nach zum deel schaarf Munitioun erëmfonnt gouf, erkläert de Lokalhistoriker domat, datt beim Zouschëdde vun de Griewer och Munitioun, déi nach doruechter louch dunn hei mat entsuergt gouf.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Soldatenfriedhof in Hosingen entdeckt, gelies op wort.lu den 20. Mäöerz 2021