Daniel Craig

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Daniel Craig

Den Daniel Craig, gebuer den 2. Mäerz 1968 zu Chester an England, ass en englesche Schauspiller, dee virun allem zanter 2005 fir seng Roll als James Bond an de Filmer mam selwechten Numm bekannt ass.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Daniel Wroughton Craig säi Papp, den Tim Craig war en Aarbechter an der britescher Handelsmarine an duerno Besëtzer vum Ring O Bells Café. Seng Mamm, d'Carol Olivia Craig war eng Zeecheprofessesch. 1972 hu seng Eltere sech gescheet, an vun do u gouf den Daniel Craig vu senger eelerer Schwëster, Lea, zu Liverpool an duerno zu Hoylake groussgezunn. Den éischten James-Bond-Film, deen hien jee gesinn huet, war "Live and Let Die" mam Roger Moore an huet hie faszinéiert.

Film[änneren | Quelltext änneren]

Den Daniel Craig, hat säi Filmdébut an "The Power of One" 1992. Seng Carrière ass weidergaange mat der Tëleeserie "Our Friends in the North" 1996. Hien ass international bekannt ginn nodeem hien Niewerollen am "Lara Croft: Tomb Raider" 2001 an "Road to Perdition" 2002 gespillt huet. Hie gouf nominéiert fir seng Performancen an der Haaptroll vu "Layer Cake" an krut och nach aner Präisser an Nominéierungen.

Am Oktober 2005 gouf den Daniel Craig de sechsten James Bond Duersteller.

Commons: Daniel Craig – Biller, Videoen oder Audiodateien