Dauchsport
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dauchsport ass eng Sportaart, déi doranner besteet, mat Hëllef vu Fläsche mat kompriméierter Loft eng méi laang Zäit ënner Waasser ze sinn. Zum Equipement gehéieren nieft de Fläschen en Dauchbrëll, dacks och en Dauchkostüm, dee géint Keelt schützt, an deen d'Positioun am Waasser stabiliséiert, Gewiichter a Flossen.
Dauchsport zu Lëtzebuerg[änneren]
Den Dauchsport ass zu Lëtzebuerg an der F.L.A.S.S.A. (Fédération luxembourgeoise des activités et sports sub-aquatiques) organiséiert.
Zu Lëtzebuerg bestoungen am Joer 2008 16 Veräiner.
Fir Dauchfläschen ze fëlle gëtt et zu Lëlz an der Base nautique en Automat. Do kann ee selwer d'Fläschen erëm fäerdeg maache fir den nächsten Dauchgang (DIN Uschlëss 200 bar).
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Underwater diving – Biller, Videoen oder Audiodateien |