De franséischen Doud vum Oscar Messidor

Vu Wikipedia

De franséischen Doud vum Oscar Messidor ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, deen 2007 bei den Éditions Josy Braun erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Den Oscar Messidor gëtt op der Trap virun der Dier vun der Kierch zu Pulligny-sur-Madon a Loutrengen dout opfonnt. Mat engem Genéckschoss reegelrecht higeriicht. Hie war Journalist an huet zanter senger Pensioun un engem historesche Roman geschafft, fir deen hie Recherchen a Frankräich bedriwwen huet. Senger Botzfra hat hie gesot, hie géif fir zwéin Deeg an d'douce France fueren. Dat gëtt säi Fils, de Charel Messidor gewuer, mä do hat hien och schonn héieren, datt bei Toul ee roude BMW bei enger Ausfaart vun der Autobunn verbrannt wier. De Charel fänkt un, nervös ze ginn, well säi Papp sou ee Won fiert a scho wäit iwwer eng Woch näischt méi vu sech héiere gelooss huet.

Dem Charel säi Frënd Raym huet eng Foto vum doudegen Oscar Messidor an enger franséischer Zeitung fonnt. Zeien oder Leit, déi d'Affer kannt hunn, ginn opgeruff, sech ze mellen. De Charel, de Raym an d'Vicky, dem Charel seng Frëndin, fueren den aneren Dag op Pulligny. Duerno probéiere se wochelaang erauszefannen, wat geschitt ass.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

De Charel Messidor ass Journalist wéi säi Papp Oscar, mä verdéngt säi Geld ewell als Lektor fir ee Verlag. Hien ass 30 Joer al a wunnt an der Stad op der Corniche. Zanter véier Joer ass hie mat enger Iwwersetzerin vum Europaparlament liéiert, der Vicky Proge vu Roudemaacher – just iwwer der Grenz. Der Koppel hire gudde Frënd ass de Raym Schuster, ee Schoulmeeschter aus dem Rollengergronn, deen eng heemlech Frëndin huet, d'Elsi.

Pierre Pitzen a Roger Klauner heeschen déi zwéi Beamte vun der Lëtzebuerger police judiciaire mat deenen de Charel ze di kritt. Vun der franséischer Police ass et fir d'éischt emol de Claude Seigneur a méi spéit de Jean-Marie Duchaine an de Joseph Meyer, déi mam Fall Messidor befaasst sinn a schéi sec mam Charel ëmsprangen, wann dee méi schlau wëllt sinn.

Den Abbé Laurent Pierret huet d'Läich zu Pulligny fonnt, wéi hien d'Kierch wollt opspären. Dem Elsi säi Monnonk Buffet ass pensionéierte Reliounsproff a wunnt zu Nanzeg an der Maison des Prélats, sou wéi den Abbé Pierret, dee vu sengem Kolleeg gewuer gouf, datt et beim Muerd vum Lëtzebuerger Journalist ëm eng politesch Konspiratioun geet.

Zu Bruley bei Toul huet d'Madame Meunier e Caveau mam Numm En passant par la Lorraine. Si huet dem Oscar Messidor hire Gris de Toul schonn zanter Jore verkaf. Sou och kuerz viru sengem Doud. Si huet gesi wéi zwéi Männer déi mat engem aneren Auto komm waren, an deem een drëtte gefuer ass, mat him fortgefuer sinn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De franséischen Doud vum Oscar Messidor ass een Detektivroman mat zwee Rätselen. Dat éischt ass vum Typ Whodunit[1] a beim zweete geet et ëm d'(Re)Konstruktion vum Oscar Messidor sengem Romanprojet "Le dernier mystère de Paris", vun deem hie 57 Säiten op Lëtzebuergesch an op Franséisch hannerléisst. Een Exposé vum Roman feelt. Doduerch, datt de geplangte Roman mam Muerd zesummenhänke kann, gëtt eng zousätzlech Spannung geschaf, wann de Charel a seng Frënn sech dorop konzentréieren, wat de Papp sech mat deem Roman geduecht hat. Den Auteur beschäftegt sech mat verschiddenen Aspekter vun enger alternativer Geschichtsschreiwung ëm d'Jeanne d'Arc, déi a sech schonn interessant genuch sinn.[2]

D'Police kënnt eréischt richteg an d'Spill, wéi ee weidert Verbrieche geschitt, an do mussen déi dräi Amateurdetektive sech agestoen, datt et ee Feeler war, fir hinnen en ettlech Dokumenter virenthalen ze hunn. Hei hu mir net méi de schlauen Detektiv vis-à-vis vum domme Flic, mä een Dréi an der Astellung. Sou eng spéit Erkenntnes ass seelen an engem Krimi ze liesen, mä déngt awer och dozou, d'Resultat vun der Enquête an aner Hänn ze leeën.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kniesche, Thomas (2015). Einführung in den Kriminalroman. Darmstadt: WBG S. 14, 62
  2. Den Auteur gëtt selwer e puer Quellen dozou un: Pernoud, Régine (1994). J'ai nom Jeanne la Pucelle. Gallimard; Friedrich, Evy (1973). Die andere Geschichte der Jeanne d'Arc. Uuchtkalenner; Atten, Alain (1979). Jeanne-Claude des Armoises, ein Abenteuer zwischen Maas und Rhein, 1436. Kurtrierischen Jahrbuch