Den drëtte Schlëssel

Vu Wikipedia
Den drëtte Schlëssel.
Dem Fischbach säin 1. Fall
Auteur Jean Schoos
Land Lëtzebuerg
Genre Kriminalroman
Erauskomm 2016
Editeur Éditions Guy Binsfeld
Serie Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm

Den drëtte Schlëssel ass e Kriminalroman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Jean Schoos, deen 2016 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Et ass den éischten aus der Serie Gudde Gendaarm, béise Gendaarm.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Eng Patrull vun der Stater Police fënnt am September 1963 d'Läich vum Aloyse Weber. Hie läit erschloen a sengem Iesszëmmer. Albume mat Timbere sinn aus dem Buffetsschaf erausgerappt ginn. Ass et drëm gaangen, fir de kostbaren Deel vun der Sammlung ze klauen? Wéi ass den Täter iwwerhaapt an d'Haus komm, et war kee Schlass opgebrach? Deene Froe ginn den 1.Leitnant Fischbach vun der Sûreté an de Kommissär Faber vun der Stater Police no. Fir eng Kéier eng flott Zesummenaarbecht tëschent Police a Gendarmerie. Mä domat ass séier Schluss, wéi de Kapitän Hamus bis aus der Vakanz erëm ass.

De Fischbach verfollegt eng Spuer, déi hien zwanzeg Joer zeréckféiert. Zu där Zäit hat hie grad mol zéng Joer. Informatiounen aus dëser schwiereger Period vun der Lëtzebuerger Geschicht verschafft hie sech bei sengen Elteren, enger Resistenzlerorganisatioun, engem Professer an am Staatsarchiv. Fir déi richteg relevant Saache gewuer ze ginn, muss hie bis an England fueren. Mä och dat geet him nach net duer, fir de Fall ze léisen.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

De René Fischbach ass 1933 gebuer an huet seng Carrière als fräiwëllegen Zaldot an der Arméi ugefaangen. Hien ass Ënneroffizéier ginn an no der Militärschoul jonken Offizéier um Härebierg. Well seng Carrière net richteg weidergaangen ass, ass hien an d'Gendarmerie gewiesselt a krut am September 1963 säin éischte Fall ze léisen.

An der Sûreté huet den Oberleutnant Fischbach véier direkt Mataarbechter. Et sinn d'Inspekteren Thoma, Michels, Wenner an Toussaint, déi tëschent 10 a 16 Joer méi al a schonn ëm déi 20 Joer an der Gendarmerie sinn, wann och net direkt an der Sûreté. Et dauert eng Zäitchen an et brauch och ee weidere Fall, fir datt de Fischbach léiert mat hinnen eens ze ginn a si ze féieren.

De Kapitän Ernest Hamus ass den delegéierten Offizéier, well de Kommandant vun der Gendarmerie formal de Chef vun der Sûreté ass. De Kapitän ass dem Kommissär Faber vun der Stader Police säi Géigespiller an der delikater Fro vun der Gläichberechtegung oder der allgemenger Kompetenz vun den zwee Corpsen. Et sinn eng Rei vun Undeitungen a Richtung vun enger ''guerre des polices'' am Romantext ze fannen.

Den Affekot a konservative Gemengepolitiker Fernand Lacaf vun Dikrech dreemt vun engem militäresch staarke Lëtzebuerg, fir all Bedreeung duerch de Kommunismus ofzewieren. Zu Dickweiler huet hien eng Juegd gepacht. Hie gëtt vun ettleche bekannten oder manner bekannte Leit ënnerstëtzt.

Den drëtte Schlëssel ass, wat den Ëmgang mat historesche Persounen ugeet, dokumentaresch, hir Nimm sinn an enger anerer Schrëft gekennzeechent[1].

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den drëtte Schlëssel ass ee Policeroman och wann den Oberleutnant Fischbach gär mol als Detektiv seng eege Weeër geet. Doduerch datt d'Opklärung vun engem Verbriechen op enger preziser Zäitschinn erzielt gëtt, soll de Rhythmus vun enger Ermëttlung mat hire luesen a schnelle Momenter, mat hirem Elan an hirem Stëllstand beschriwwe ginn.

De Roman spillt 1963 zu Lëtzebuerg mat Zeenen op verschiddene bekannte Plazen, souwéi och am Ausland. Verschidden Elementer vum Raum si fiktiv, anerer net: D'Kasäre vum Verluerekascht, d'Gebaier mat den Déngschtwunnenge si faktesch; d'Lag an d'Ariichtung vun der Sûreté hire Büroen ass fiktiv[2].

Den Erzieler vum Drëtte Schlëssel ass neutral an erzielt an der Perspektiv vum Ermëttler. Et gëtt awer och nach aner Perspektiven, déi vun de sougenannte Bannenerzielungen, an och déi Perspektiven, déi dem Lieser méi verroden, wéi de Fischbach scho weess oder wäert iwwerhaapt wëssen.

D'Haaptthema dréit sech em d'Resistenz an d'Kollaboratioun wärend der däitscher Occupatioun 1940-44: Wéi ass deen ee Kollaborateur an den anere Resistenzler ginn an zu wat konnt dat féieren?

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fiktiv Figure sinn nëmmen iwwer den Text vum Roman z'erschléissen, et gëtt keen anere Moyen eppes méi gewuer ze ginn an dat wat net gesot gëtt, muss de Lieser sech selwer ausdenken. Wann an engem fiktionalen Text historesch Persoune virkommen, da sinn all méiglech Informatiounen ausserhalb vun der Er­zielung ze fannen. Dat kann zu engem Problem féieren, wann et Diskrepanzen tëschen der Erzielung an deenen anere Quelle géif ginn. Martínez Matías (2011). Figur In: Martínez Matías (Hrsg.), Handbuch der Erzähllitera­tur. S.145-147
  2. Wann ee Kriminalroman eenegermoosse realistesch wëllt sinn (être vraisemblable), da bleift et net aus, datt Fakte mat Fiktioun vermëscht ginn. Et ass dem Lieser iwwerlooss, d'Grenzen ze fannen an dat ass eng Fro vu sengem Wëssen a senger Erfarung mat der Lektür. Den Auteur kann dem Lieser Signaler ubieden, fir Fakt a Fiktioun auseneen ze halen. Eng eventuell Verwiesslung ass keen Ongléck, well et am Roman ëm den Effekt vun der Kommunikatioun tëschen dem Auteur an dem Lieser geet.