Denis Pétau

Vu Wikipedia
Denis Pétau
Pseudonym Antonius Kerkoetius
Gebuer 21. August 1583
Orléans
Gestuerwen 11. Dezember 1652
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Historiker, Theolog, Philosoph, Professer, Bibliothecaire, Physiker
Dogmata theologica, 1757

Den Denis Pétau och: Dionysius Petavius, gebuer den 21. August 1583 zu Orléans a gestuerwen den 11. Dezember 1652 zu Paräis war e franséische Jesuitt souwéi e bekannte Chronolog an Historiker.

Hie krut no sengen Universitéitsstudien eng Léierplaz op der philosophescher Fakultéit zu Bourges, huet déi awer no zwee Joer opginn an ass 1605 zu Paräis dem Jesuittenuerde bäigetrueden. Uschléissend hat hien op verschiddene Jesuitten-Héichschoule geléiert a gouf 1621 Theologieprofesser zu Paräis.

Nom Denis Pétau gouf de Moundkrater Petavius an d'Petavius-Rill genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De doctrina temporum. 2 Bde. Paris 1627
  • Uranologion. Paris 1630
  • Tabulae chronologicae regum, dynastiarum, urbium, rerum Virorumque illustrium. Paris 1628

En Auszuch: Rationarium temporum (fir d'éischt zu Paräis 1633) war laang d'Léierbuch fir de Geschichtsunterecht an de Schoulen, besonnesch awer bei de Jesuitten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Hofmann: Theologie, Dogma und Dogmenentwicklung im theologischen Werk Denis Petau's. Mit einem biographischen und einem bibliographischen Anhang. Bern u.a.: Lang 1976 ISBN 3-261-01715-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie