Dessert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Dessert ass e séisse Plat, deen nom Haaptplat zervéiert gëtt a mat deem d'Iessen op en Enn geet.

De Begrëff kënnt vum franséische Wuert "desservir", wat iwwersat esouvill heescht wéi "den Dësch ofraumen". An der Regel ass en Dessert séiss (z. B. Kichelcher oder Glace), et gëtt awer och schwéier Desserten aus Friichten oder Nëss ouni Zocker/Hunneg. Et ass och net all séisse Plat automatesch en Dessert, esou gëtt an der chinesescher Kichen séiss Fleeschplaten (z. B. Schwéngefleesch mat Ananas) déi keen Dessert sinn. A China ginn och Camelle mat Peffer an Ingwer gemaach apalz mat Zocker. D'Indianer hu virun der Zäit vun den Europäer dacks Schockela mat Peffer an anere Gewierzer aplaz Zocker giess. En Dessert kann awer och aus Kéise bestoen (Frankräich), oder aus Piroggen a schwaarzem Kaviar (Russland).

Gemenkerhand kann een als Dessert folgend Liewensmëttel bezeechnen: Taarten, Kuchen, Kichelcher, Wäffelcher, Camellen, Sorbeten, Schlagsahn, Tutti Frutti, Juskompotten, Moussen, Crèmen, Gelee, Glacen. Esou kann och Glace mat Téi, Schocki a Kaffi gemëscht als Dessert preparéiert ginn. Sougenannten Dessertswäiner gehéieren streng geholl net dozou, si ginn awer grad ewéi e Kaffi oder en Digestif gär beim oder nom Dessert gedronk. Der Temperatur no ënnerscheet een no kalen a waarmen Desserten. D'Desserte ginn normalerweis op speziellen Dessertstelleren zervéiert, a giess gi se mat Dessertsläffelcher an Téiläffel bis hin zu Zoppeläffelgréisst, awer och mat Dessertsmesser a -forschett.

Beispiller vu verschidden Zorten Desserten [änneren]

Commons: Dessert – Biller, Videoen oder Audiodateien