Dian Fossey

Vu Wikipedia
Dian Fossey
Gebuer 16. Januar 1933
San Francisco
Gestuerwen 26. Dezember 1985
Karisoke Research Center
Nationalitéit USA
Educatioun Darwin College,
Staatsuniversitéit vu San José,
California-Universitéit zu Davis,
College of Marin,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Anthropolog, Primatolog, Etholog, Zoolog, Biolog, Akademiker, Schrëftsteller, Ekolog

D'Dian Fossey gebuer de 16. Januar 1932 zu San Francisco, a gestuerwen de 27. Dezember 1985 am Karisoke Research Centre am Ruanda, war eng US-amerikanesch Verhalensfuerscherin. Si war spezialiséiert op d'Erfuerschung vu Bierggorillaen.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Dian Fossey war vu Beruff Ergotherapeutin. Ufanks der 60er Jore war si fir d'éischt an Ostafrika. 1966 ass si am Optrag vun der National Geographic Society an de Ruanda gereest, fir eng Laangzäitetude iwwer Bierggorillaen ze maachen.

Mat der Zäit huet si et fäerdegbruecht, vun de Gorillaen akzeptéiert ze ginn. Sou war et méiglech ginn, Abléck a Verhalensformen, Familljestrukturen a besonnesch an d'Kommunikatioun tëscht deenen Déieren ze kréien. A Spezialistekreesser war se wéinst hiren Dokumentarfilmer an den Artikelen am National Geographic Magazine séier bekannt. Am Ruanda huet se 1967 de Karisoke Research Center opgebaut.

1976 krut se den Doktertitel fir Zoologie. Hiert Privatliewe war allerdéngs eng Katastroph. Si ass mat der Zäit besser mat de Gorillae wéi mat de Mënschen eens ginn.

Mat de Braconnieren hat se grouss Problemer, well d'Gorillaen um Austierwe sinn, an dofir um Schwaarzmaart gesicht sinn.

Am Dezember 1985 ass d'Dian Fossey an der ruandescher Provënz Ruhengeri doutgeschloen opfonnt ginn. De Muerd konnt ni opgekläert ginn. Hir Memoiren Gorillas in the Mist goufen 1988 vum Michael Apted verfilmt. D'Buch geet méi an den Detail vun hirer wëssenschaftlecher Carrière, et vergësst awer méi Eenzelheeten aus hirem Privatliewen, wéi zum Beispill hir Affär mat dem Fotograf Bob Campbell, déi am Film am Detail behandelt gëtt.

De Film[änneren | Quelltext änneren]

Sou richteg bekannt ass d'Dian Fossey ginn, wéi de Film Gorillas in the Mist: The Story of Dian Fossey erauskoum, an deem d'Sigourney Weaver d'Titelroll gespillt huet.

De Roger Ebert iwwer de Film: Hien erzielt eis wat d'Dian Fossey gemaach huet a wat mat hir geschitt ass, mä en erzielt eis net wie si war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]