Diskussioun:Liichtmëssdag

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"On dit aussi que les crêpes, par leur forme ronde et dorée, .." - "vläit, well hir Form un d'Sonn erënnert ..": Vläit, vläit och net, oder vläit awer. --Cornischong 22:34, 10 September 2006 (UTC)

"Original heescht ët: an déi al Leit stierwen" : Wou ass den "Original"? Wou kann een dee fannen? --Cornischong 13:19, 10 Januar 2007 (UTC)

Léiwer Herrgottsblieschen, den echten, nach vill méi wierklech richtegen offiziellen Text[Quelltext änneren]

Lo steet den Text am Artikel, deen den Nik Welter a sengem "Das Luxemburgische und sein Schrifttum an der Editioun vun 1929 stoen huet. (bis op eng Variant vun 1947, déi och ernimmt ass). Wann elo nach ee mengt hie wéisst et besser, da soll en eng valabel Quell uginn, oder et léiwer stoe loossen. --Cornischong 22:51, 28 Januar 2007 (UTC)

Meenungsverschiddenheeten zum Text[Quelltext änneren]

Text vun 1914

Deen Text deen hei drënner steet soll deen aus der Editioun vun 1929 sinn. Deen an der Versioun vun 1914 gesäit ganz anescht aus. Gouf deen heiten Text op déi haiteg Schreifweis adaptéiert oder hat de Welter seng eege Schreifweis schonns 1929 g'ännert. Huet vläicht een de Weltertext vun 1929 am Original?

Quell vun dëser Versioun: Welter 1929 an der Literatur.

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.

Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen, (oder : an dei Al derniewen)
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss. -- Eng Variant aus dem Joer 1947 seet hei: Da kritt der eng gutt op d'Schnëss.

--Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 3. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

"Nei" Liddertexter[Quelltext änneren]

All gudder Dag kommen hei Texter bäi, ouni Auteursangaben, déi soi-disant traditionnell Liichtmes-Lidder solle sinn. Ouni Source an Auteur (dee muss 70 Joer dout sinn, fir dass seng Texter fräi vu Copyright sinn) hunn déi leider näischt hei verluer. --Zinneke (Diskussioun) 14:22, 31. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]