Emil Faber

Vu Wikipedia
Emil Faber
Gebuer 12. Mee 1843
Ettelbréck
Gestuerwen 14. Mäerz 1927
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter

Den Emil Faber, gebuer den 12. Mee 1843 zu Ettelbréck[1] a gestuerwen de 14. Mäerz 1927 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.

Carrière als Magistrat[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium vum Droit war hien zwee Joer Stagiairesaffekot zu Dikrech.[1]

1868 gouf hie Friddensriichter zu Réiden op der Atert, 1872 huet hie déi selwecht Funktioun zu Wolz iwwerholl. 1873 gouf hie Riichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1878 gouf hien Untersuchungsriichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1879 war hie Vizepresident vum Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg a gouf 1884 President dovun.[1]

1885 gouf hie Member vun der Cours supérieur.[1]

Direkter vum Enregistrement a Member vum Staatsrot[änneren | Quelltext änneren]

Hie war vun 1887 bis 1915 Direkter vum Enregistrement a vum 2. Mee 1892 bis zu zu sengem Doud Member vum Staatsrot (Lëtzebuerg).[3]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Noruff fir den Emil Faber am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1927 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  2. Doudesannonce vum Emil Faber am Luxemburger Wort Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2014-12-15.
  4. Memorial A N°8 vun 1920 mat der Lëscht vun de Leit déi 1920 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-12-15.