Engem en X fir en U virmaachen

Vu Wikipedia

D'Riedensaart "engem en X fir en U virmaachen" steet fir "een iwwer d'Realitéit täuschen" oder "ee beducksen".

Originn[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags misst et eigentlech heeschen "engem en X fir e V virmaachen", well gemengt sinn déi réimesch Zuele "V" (fënnef) an "X" (zéng). Mä bei de Réimer konnt ursprénglech de Konsonant "V" och als Vokal "U" gebraucht ginn, a sou ass dat och an eisem Spréchwuert erhale bliwwen.

Op der Maartplaz oder an der Wiertschaft goufen deemools d'Präisser, d'Scholden an d'Rechnungen op kleng Wuesstafele geschriwwen. Wann also een onbemierkt bei e "V" ënnen zwéi kleng Strécher bäigemaach huet, da krut en en "X" an hat domat deem anere seng Schold een Zock vu fënnef op zéng verduebelt. Duerch sou en einfachen Trick ass den Debiteur iwwer de reelle Präis getäuscht ginn a war beduckst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]