Es war einmal in Deutschland
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Däitschland Belsch |
Produktiounsjoer | 2017 |
Première | 10. Februar 2017 |
Dauer | 102 min |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Sam Garbarski |
Dréibuch |
Michel Bergmann Sam Garbarski |
Fotografie | Virginie Saint-Martin |
Musek | Renaud Garcia-Fons |
Produzent |
Samsa Film Entre Chien et Loup IGC Films |
Schauspiller | |
Moritz Bleibtreu Antje Traue Mark Ivanir Pál Mácsai Anatole Taubman Tim Seyfi Hans Löw Vaclav Jakoubek Jeanne Werner Jeffrey Mittelmann Christian Kmiotek Tania Garbarski André Jung Fabienne Hollwege | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Es war einmal in Deutschland (engleschen Titel: Bye Bye Germany) ass e lëtzebuergesch-däitsch-belsche Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski, no de Romaner Die Teilacher a Machloikes vum Michel Bergmann. En hat seng Première op der Berlinale 2017 an zu Lëtzebuerg um LuxFilmFest 2017.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Sechs Kolleegen, déi d'Shoah iwwerlieft hunn, hunn 1946 just ee Wonsch: aus Däitschland fort an Amerika ze kommen. Mä dofir brauch ee Suen, un déi et an deenen Zäiten net einfach ass, drunzekommen. No an no stellt sech eraus, datt engem vun hinnen, dem David, seng Vergaangenheet net sou kauscher ze si schéngt, wéi gemengt...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film mat 60.000 Euro ënnerstëtzt fir d'Dréibuch vun Es war einmal in Deutschland ze entwéckelen.[1] Duerno koum nach eng weider finanziell Ënnerstëtzung an Héicht vun 1.800.000 Euro fir d'Produktioun vum Film dobäi.[2]
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]De Film gouf beim belsche Filmpräis Magritte du cinéma 2014 an de Kategorië "Bescht Dréibuch" (Sam Garbarski), "Bescht Schauspillerin an enger Nieweroll" (Tania Garbarski) a "Bescht Zeenebild" (Véronique Sacrez) nominéiert, an huet an der Kategorie "Bescht Kostümer" (Nathalie Leborgne) gewonnen.
Um internationale Filmfestival vun Norwegen krut de Film de Präis fir de beschte Film.
Um US-amerikanesche RiverRun International Film Festival krut de Film de Publikumspräis.
Déi Deutsche Film- und Medienbewertung zu Wiesbaden huet dem Film de "Prädikat besonders wertvoll" ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Es war einmal in Deutschland op filmportal.de (de)
- Es war einmal in Deutschland op samsa.lu (fr)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 25 juin 2014
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions décembre 2014