Ethelred vu Wessex
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Ethelred vu Wessex 837 – 23. Abrëll 871 |
||||||
![]() |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
Den Ethelred vu Wessex (~837-23. Abrëll 871), Jong vum Ethelwulf, war Kinnek vu Wessex als Nofolger vu sengem Brudder Ethelbert ëm d'Joer 865.
Hien hat zwee Bouwen, wouvunner den Aethelwald den Eelste war. Dem Ethelred war et net méiglech déi permamenent an ëmmer méi heefeg dänesch Iwwerfäll ze kontrolléieren, déi England verwüst hunn.
De 4. Januar 871 gelénkt et dem Ethelred d'Däne bei der Schluecht vu Reading ze klappen, mee hie selwer kënnt an der Schluecht vu Merton den 23. Abrëll 871 ëm d'Liewen an ass zu Wimborne am Dorset begruewen.
No sengem Doud gouf hie vum Vollek als Hellegen ugesinn. Säin Nofolger gëtt säi Brudder Alfred.
[änneren] Kuckt och
| Virgänger: Ethelbert |
Kinnek vu Wessex |
Nofolger: Alfred |
| Bretwalda |
