Ethelwulf vu Wessex

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ethelwulf vu Wessex
ëm 800 – 13. Januar 858
Athelwulf.jpg
Kinnek vu Wessex
Amtszäit 839-858
Virgänger Egbert vu Wessex
Nofolger Ethelbald
Papp Egbert vu Wessex
Mamm  ?


Den 'Ethelwulf war den eelste Bouf vum Kinnek Egbert vu Wessex an ass ëm d'Joer 800 op d'Welt komm. Nom Doud vu sengem Papp gouf den Ethelwulf Kinnek vu Wessex am Joer 839. Hien huet sech géint déi dänesch Invasioune misse wiren, déi ëmmer méi staark gi sinn. Dobäi konnt hie bei "Acleah" (warscheinlech dat heitegt Ockley) eng Victoire dervunner droen. Den Ethelwulf huet och géint de Cyngen ap Cadell vu Wales gewonnen, zesumme mat der Hëllef vu Mercien. Nom Doud vu senger Fra mécht hie sech 855 op Pilgerfahrt op Roum, mat engem vu senge jéngste Bouwen, dem Alfred. Wéi hien 856 nees zeréckkënnt, gëtt hie vu sengem eelste Jong Ethelbald ofgesat. Hie stierft den 13. Januar 858 a gouf fir d'éischte Kéier zu Steyning begruewen ier seng Läich op Winchester transferéiert gouf.

Ethelwulf's Ring - Illustration from Cassell's History of England - Century Edition - published circa 1902.jpg

De gëllene Rank, deen hei um Bild ze gesinn ass, ass räich dekoréiert mat reliéise Symboler an dréit d'Inscriptioun Ethelwulf Rex. De Rank gouf 1780 zu Laverstock (Wiltshire) fonnt. Et gëtt ugeholl datt dëse Rank e Geschenk un e loyalen Dénger war.

[änneren] Kuckt och


Virgänger:
Egbert
Kinnek vu Wessex
839- 856
Nofolger:
Ethelbald
Commons: Æthelwulf of Wessex – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen