Exzentresche Jupiter

Vu Wikipedia
Den Exzentresche Jupiter HD 96167 b huet en änlechen Orbit, wéi e Koméit.

Als Exzentresche Jupiter (normalerweis gëtt den engleschen Ausdrock Eccentric Jupiter benotzt) gëtt en hypotheetesche Gasplanéit mat jupiterähnlecher Mass an héichgradeg exzentrescher Ëmlafbunn bezeechent.

Vertrieder vun dësem Typ goufen als Exoplanéiten ëm e puer Stäre mat indirekte Methoden nogewisen (an der Reegel mam Moosse vun der Radialvitess vum Stär). Warscheinlech wäerte si all kleng Planéiten am Beräich tëscht hirem Periastron an Apastron absorbéieren oder aus der Ëmlafbunn werfen, sou datt a sou Systemer äerdänlech Planéiten zimmlech onwarscheinlech sinn. Den aktuelle Kenntnesstand léisst unhuelen, datt ongeféier 7 % vun alle Stäre vun engem exzentresche Jupiter ëmkreest ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie