Fassad a Substanz

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fassad a Substanz
Auteur Joël Adami
Erauskomm 2023
Editeur Op der Lay

Fassad a Substanz ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Joël Adami, deen 2023 am Verlag Op der Lay erauskoum. Et ass dem Adami säin éischte Roman.

Den Ausléiser vun der Erzielung

Wourëms geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Ech-Erzieler geréit um Aldringer, virum Lach wou den neie Gebaierkomplex Royal-Hamilius gebaut gëtt, an eng Zort existentiell Kris: Alles wierkt, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss wier. Als 'Therapie' fiert hie mam Lis, enger Frëndin, uechter d'Land, fir do op embleematesche Plazen nees op de Buedem vun der Realitéit zeréckzekommen. Si besichen ënner anerem de Bockfiels, de Flying Dutchman, de Stau an d'Aire de Berchem...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Buch ass an engem "gegenderte" Stil geschriwwen.

Kriticken[änneren | Quelltext änneren]

... „Fassad a Substanz“ [ass] en interessante Portrait vun enger Generatioun, déi sech an der Welt verluer fillt. De Choix, op Lëtzebuergesch ze schreiwen, mat enger witzeger Ausdrocksweis an engem jonke Vokabular, mécht dee Portrait nach méi staark.

"Interessant Passage [...] ginn duerch éiweg Widderhuelunge vu [...] Metapheren [...], sproochlech Ongenauegkeeten an onnatierlech Dialoger gestéiert – wat schued ass, well dem Adami säin Debut Potenzial zum Generatiounsroman hat, trotz dem immens dialekteschen Opbau mat Amenter duerchaus intelligent ass an den Auteur eng Rei Pärele bereet hält..."

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Eng Kartongs-Apokalyps: „Fassad a Substanz“ vum Joël Adami a weider Neies vun „Op der Lay“." In: Tageblatt, 06.12.2023.
  2. „Sprooch ass eppes Komesches”. In: D’Lëtzebuerger Land, 5.1.2024. S. 27, och op land.lu.