Feier a Flam

Vu Wikipedia
Feier a Flam
Auteur Roger Manderscheid
Erauskomm 1995
Editeur Editions Phi

feier a flam. geschichten äus de fofzeger joeren ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roger Manderscheid, deen 1995 bei den Éditions Phi erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Erzielt ginn d'Erliefnesser vum jonken Erwuessene Christian "Chrëscht" Knapp, säin Déngscht an der Lëtzebuerger Arméi, seng Ufäng am Beruffsliewe bei der Eisebunn, ma besonnesch seng Sich no Léift an no Bezéiunge mat Fraen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Bei Feier a Flam handelt et sech ëm den drëtten a leschten Deel vum Manderscheid senger Roman-Trilogie, där Schacko Klak (1988) an De Papagei um Käschtebam (1991) virausgoungen. Wéi déi aner zwéin och, handelt et sech ëm e staark autobiographesche Roman. D'Distanz tëscht dem Auteur sengen eegenen Erliefnesser a sengem literareschen Alter-ego ginn dës Kéier duerch den Austausch mat der Annabell, dem Erzieler seng Fra, erreecht, déi et erméiglechen, s'aus der Perspektiv vun haut ze relativiséieren an ze kommentéieren. Ausserdeem erméiglecht d'Figur vum Annabell, eng Däitsch vu Bitburg, dem Auteur, iwwer Sprooch a Sproochgebrauch ze 'diskutéieren'.

De Roger Manderscheid huet d'Buch 2006 an d'Däitscht iwwersat, mam Titel Der sechste Himmel. Geschichten aus den fünfziger Jahren (Gollenstein Verlag).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Roger Manderschid: Feier a Flam. Geschichten äus de fofzeger Joeren. Iechternach: éditions Phi, 1995.