Fisemreen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fisemreen ass eng Form vun Nidderschlag a besteet aus klengen Drëpsen, déi typescherweis aus Stratuswolleke falen.
D'Drëpsen hunn en Duerchmiesser, dee méi kleng wéi 0,5 mm ass. D'Siicht ass bei Fisem dacks ageschränkt. Déi maximal Falgeschwindegkeet vu Fisemdrëpse bedréit manner wéi 3 m/s.
E Fisemschluet kënnt virun allem nëmmen iwwert dem Mier vir, a fält aus Stratocumuluswolleken. E Fisemschluet gëtt dacks als Miniaturschauer bezeechent.
Bei enger Nidderschlagsintensitéit vu bis zu 0,2 mm pro Stonn schwätzt ee vun engem liichten, bei 0,2 bis 0,5 mm pro Stonn vun engem mëttleren (de: mäßigen) a bei iwwer 0,5 mm pro Stonn vun engem staarke Fisem.