Fondue

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kéisfondue

Bei der Fondue gëtt et verschidde Formen.

Kéisfondue[änneren | Quelltext änneren]

Déi Schwäizer Kéisfondue besteet aus geschmoltem Kéis. De Kéis gëtt an engem sougenannte Caquelon, engem Dëppen aus Toun oder Goss geschmolt, woubäi de Caquelon mat Knuewelek ageriwwe gouf ier de Kéis dra kënnt.

Et gëtt verschidde Rezepter. Mä ëmmer gëtt de Kéis mat enger Forschett op där e Stéck Brout opgespiisst gëtt an d'Fondue gezappt an erausgefëscht.

E gudde Rot: Déi Geschicht vum Kirsch bei der Kéisfondue ass kee Märchen. Dat hëlleft wierklech besser ze verdauen. Soss huet een herno eppes wéi e Steen am Mo leien.

Fondue Bourguignonne[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Fondue Bourguignonne gi Stécker Fleesch (dacks Rëndfleesch, mä d'kann een och aner Zorten huelen) mat der Fonduesforschett a gliddegt Fett zezappt a brode gelooss. Heibäi gi verschidden Zose fir bei d'Fleesch zerwéiert, souwéi och verschidden Zaloten.

Fondue Vigneronne / Fondue Bacchus[änneren | Quelltext änneren]

D'Fondue Vigneronne an d'Fondue Bacchus gi mat waarmem Wäi gemaach oder mat enger Mëschung aus Wäin a Britt. D'Fondue Vigneronne gëtt haaptsächlech mat roudem Wäi gemaach (eng Mëschung vu wäissem a rouden ass och méiglech), d'Fondue Bacchus mat wäissem oder Rosé. Dozou kënnt da nach Geméis (Ënn, Lorbier, Neelcheskäpp, Muert, Porrett an Zellerie). Wéi bei der Fondue bourguignonne kann een ausser Rëndfleesch och nach anert Fleesch huelen.

Fondue Chinoise[änneren | Quelltext änneren]

Séiss Fondueen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fondue – Biller, Videoen oder Audiodateien