Frédéric Zeimet

Vu Wikipedia
Frédéric Zeimet
Gebuer 30. August 1983

De Frédéric Zeimet, gebuer den 30. August 1983 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-belschen[1] Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet zu Bréissel e Master an der Konschtgeschicht an der Archeologie gemaach, mat enger Spezialisatioun op d'zäitgenëssesch Konscht, an en zweete Master an der "Écriture et analyse cinématographiques". Fir deen huet hie mam belsche Regisseur Luc Dardenne u sengem éischten Dréibuch geschafft, enger Adaptatioun vum Friedrich Dürrenmatt sengem Der Richter und sein Henker.[2][3]

2012 ass de Film Doudege Wénkel an de Kino komm, fir deen hien d'Dréibuch matgeschriwwen huet an deen e grousse Succès zu Lëtzebuerg war. De Film huet de Lëtzebuerger Filmpräis 2014 fir de beschte Film krut, an de Frédéric Zeimat war mam Christophe Wagner bei den Trophées francophones du cinéma 2013 an der Kategorie "Bescht Dréibuch" nominéiert.[4] Am selwechte Joer ass och d'Sitcom Comeback (2012-2013) op d'Tëlee komm, un där hien och matgeschriwwen huet.

Dofir ass hien 2013 fir de "European TV Drama Series Lab" ausgewielt ginn. Deen europësche Workshop fir Fachleit huet et him erméiglecht, u Fernsee- a Filmprojeten a Frankräich an der Belsch ze schaffen.[5]

2015 huet hien den éischte 100,7 Radio-Präis fir säi Stéck Jrruie gewonnen. Dora geet et ëm eng Kläpperei tëscht de lëtzebuergesche Bewunner vun engem Duerf bei der Musel an enger Grupp Immigranten. Jrruie kann een aus dem Arabesche mat "Laaft" iwwersetzen.[3][6]

Nom Kuerzfilm Cowboy (2019) huet hien 2020 déi éischt Staffel vun der Webserie W. erausbruecht, déi éischt an där Aart zu Lëtzebuerg. Eng zweet Staffel ass 2022 erauskomm, an och säi mëttellaange Spillfilm Zeréck.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Roll
2012 Doudege Wénkel (Spillfilm) Dréibuchauteur
2012-2013 Comeback (Sitcom) Dréibuchauteur
2015 Jrruie (Radiospill) Dréibuchauteur
2019 Cowboy (Kuerzfilm) Dréibuchauteur, Regisseur
2020-2022 W. (Webserie) Dréibuchauteur, Regisseur
2022 Zeréck (Spillfilm) Dréibuchauteur, Regisseur
2023 Chevalier (Kuerzfilm) Dréibuchauteur, Regisseur

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. laloidesseries.lalibre.be: En formation à l’Académie belge du « murder mystery » (21. Dezember 2020)
  2. Biographie op torinofilmlab.it
  3. 3,0 3,1 paperjam.lu: Quand la fiction radio est proche de la réalité vum Thierry Raizer (19. November 2015)
  4. trophees-francophones.org: Nominatiounen a Gewënner 2013
  5. lesindelebiles.fr: Frédéric Zeimet sélectionné au « European TV Drama Series Lab 2013 » (6. Juni 2013)
  6. wort.lu: Rixe à la Moselle vum Marie-Laure Rolland (19. November 2015)