Francesco Bianchini
De Francesco Bianchini (laténgesch Blanchinius, gebuer den 13. Dezember 1662 zu Verona a gestuerwen den 2. Mäerz 1729 zu Roum war en italieneschen Philosoph, Astronom an Archeolog.
De Bianchini schafft fir d'Kurie ënner véier Peepst, aschléisslech als Sekretär vun der Kommissioun fir d'Verbesserung vum Kalenner. Hie gouf zu Verona am Jesuitekollegium erzunn, zënter 1680 hat hien zu Padua Theologie, Philosophie, Mathematik a Physik an zu Roum zënter 1684 éischtklasseg réimesch Archeologie studéiert. De Pobst Alexander VIII. hat hie räich ënnerstëtzt, an de Clemens XI. hat hien zum Kommissiounssekretär vun der Kalennerverbesserung ernannt. Seng Heemechtstad Verona huet him am lokalen Doum e Marmordenkmal opgeriicht. Seng Biographie gouf vum Mazzaloni (Verona 1735) geschriwwen.
Hien hat vill Bicher publizéiert, inklusiv eng Universalgeschicht an Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris, an deem hien eng Rotatiounsperiod vun der Uewerflächenobservatioun vun der Venus ofgeleet hat. Haut wësse mer, datt dëst wéinst der staarker Wollelofdeckung op der Venus onméiglech ass. Hien hat och un der Parallax vun der Venus geschafft, an Miessunge vun der Prezessioun gemaach.
Als Deel vu senge Beméiungen, d’Genauegkeet vum Kalenners ze verbesseren, konstruierte hat de Bianchini e puer wichteg Mëtteglinne konstruéiert, Virrichtunge fir d'Berechnung vun der Positioun vu Sonn a Stäre. Déi bemierkenswäertest sinn an der Kathedral vu San Petronio zu Bologna an an der Basilika vu Santa Maria degli Angeli e dei Martiri zu Roum.
Kratere op dem Mars an um Äerdmound goufen no him genannt.
Wierker [änneren]
- Storia universale, provata co' monumenti, e figurata co' simboli degli antichi Rom 1697 u. 1747
- De vitis romanorum pontificum a Petro Apost. ad Nicolaum I. Rom 1718-35, 4 Bde
- Hesperi et Phosphori nova phaenomena sive observationes circa planetam Veneris Rom 1728
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Santa Maria degli Angeli (Rome) - Sundial – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Catholic Encyclopedia
- (en) Kuerzbeschreiwung Hesperi et Phosphori nova phaenomena…
- Bianchinis Globus der Venus, 1727. Musee fir Astronomie Museo della Specola, Bologna