Gare Aywaille

Vu Wikipedia
Gare Aywaille
Gare Aywaille vu vir gesinn

D'Gare vun Aywaille ass eng Gare op de belscher Eisebunnslinn 42 (Rivage-Gouvy). Hiren telegraphesche Code ass MWL.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai vun der Gare gouf zwar schonn 1884 gebaut, awer eréischt 1885 no der Färdegstellung vun der Streck offiziell a Betrib geholl. Am Ufank gouf d'Gare wéineg benotzt, well an der direkter Ëmgéigend net vill Leit gewunnt hunn an de Giddertransport deemools laanscht Aywaille gelaf ass. Eréischt nodeem verschidde Steebréch am Ëmland ausgehuewe goufen an den Handel mam Ardennenholz zougeholl huet, si méi Leit an d'Géigend komm an d'Gare huet u Bedeitung gewonnen.

D'Linn 42 kënnt zanter dem Ëmbau an den 1980er Joren, aus Direktioun Rivage zweegleiseg an d'Gare, fir duerno op engem Gleis bis op Vielssalm weider ze féieren. An der Gare selwer gouf et deemools 2 Gleiser fir de Persounentrafic a 5 Gleiser fir ze rangéieren, Waggonen ze weien a Material ofzestellen.

Bis 1960 gouf et vun der Gare aus en direkten Uschloss un de Steebroch Grand Heid, wat en direkten Oftransport op d'Gare vu Rivage erméiglecht huet, wou d'Waggone fir Zich an Direktioun Gouvy, oder fir Destinatiounen op der Linn 43 gesënnert goufen. Nodeem dat Gleis verschwonne war, goufen d'Steng mat Camionen op d'Gare, déi nëmmen 1 Kilometer ewech war, gefouert, an an där dofir extra gebauter Gidderhal op Waggonen ëmgelueden. Vum Tracé ass haut ausser der Stëtzmauer am Ufank vun der Ofzweigung, bei der Bréck déi iwwer d'Gleiser an d'Rue des deux Croix féiert, net méi vill ze gesinn.

1986 gouf d'Grand Heid zougemaach an d'Gidderhal gouf opginn. 1998 goufen dunn de Gidderhaff, an déi fënnef Gleiser déi dozou gehéiert hunn ofgerappt. Haut ass op där Plaz e grousse Parking op deem och de Wochemaart vun Aywaille ofgehale gëtt.[1]

Déi fréier Nopeschgaren, Martinrive a Remouchamps goufen 1982, respektiv 1986 ewechgerappt.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Trois Ponts   IR m   Rivage Liers


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geschicht vun der Gare vun Aywaille op der Websäit vun der Gemeng. Gearchiveerd op 2010-10-10. Gekuckt de(n) 2010-06-22.