Geheime Staatspolizei

Vu Wikipedia

Gestapo ass d'Ofkierzung fir Geheime Staatspolizei an der Zäit vum Nationalsozialismus.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Si war als "politesch Police", dem Ministerium des Innern ënnerstallt a gouf vum Heinrich Himmler geleet. Si hat praktesch onbegrenzte Muechtbefugnesser, fir si huet dat allgemengt Policerecht net gegollt a war dowéinst e gefaart Muechtinstrument vun den Nationalsozialisten. Am Géigendeel zu den uniforméierte Representante vum NS-Staat, déi fir d'pompéis Inzenéierung vum Regimm Garant waren, huet d'Gestapo an Zivilgezei geschafft an huet och ni mat Formatioune bei Optrëtter matgemaach. Amplaz vum dichtegen Optriede huet se éischter op e Bild vun Allmuecht, Allwëssen an iwwerall present sinn, gesat. Dat Bild gouf awer zimmlech vag gehalen, fir ëmsou méi Angschtgefiller opkommen ze loossen.

D'Gestapo gouf de 27. Abrëll 1933 nodeems d'Nationalsozialisten und d'Muecht komm waren, gegrënnt a koum aus de Strukture vun der preisescher Geheimpolizei. Am Ufank war et éischter eng bescheiden Administratioun, déi d'Kompetenze vun der politescher Police am Sënn vun der NSDAP u sech gerappt huet. Um Déngschtstempel war de Schrëftzuch Gestapa fir "Geheimes Staatspolizeiamt" ze liesen. Den Hermann Göring deen zur Zäit vun der Grënnung Reichskommisar für Luftfahrt und für das preußische Innenministerium war, gouf hiren éischte Chef. Eréischt wéi den Heinrich Himmler an de Reinhard Heydrich mat der SS ëmmer méi Muecht u sech gerappt hunn, gouf d'Gestapa ënner hirer Leedung déi flächendeckend Groussorganisatioun fir d'Bespëtzele vun der Bevëlkerung an Ausschalte vu Regimmgéigner, déi ënner dem Numm "Gestapo" bekannt gouf. Bis 1944 hat d'Gestapo 32.000 Mataarbechter. Am Juni 1936 ass den Heinrich Himmler de Chef vun der ganzer däitscher Police ginn. D'Gestapo war dem RSHA (Abteilung Sicherheitspolizei) ënnerstallt an domat och der NSDAP.

D'Membere vun der Gestapo goufen - mat Ausnam vun de Membere vun der Douane an dem Grenzschutz, souwéi och den ënneschte Verwaltungsemployéeën a Fonctionnairen - am Kader vun den Nürnberger Prozesser ugeklot, zu enger verbriecherescher Organisatioun erkläert a verurteelt.

Gestapo zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg hat d'Gestapo hat hiren Haaptsëtz an der Villa Pauly an der Stad. Chef war vu Mäerz 1941 bis Abrëll 1943 de Fritz Hartmann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Buchheim, Hans, 1967. Anatomie des NS-Staates. Band 1, Säit 33 ff.: SS und Polizei. Deutscher Taschenbuch Verlag, München. ISBN 3-423-02915-3.
  • Stumper, Robert, 1949. Gestapo-Terror in Luxemburg. Esch-sur-Alz.: Impr. H. Ney-Eicher. 40 p.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gestapo – Biller, Videoen oder Audiodateien