Georg Forster

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Georg Forster, Tableau vum J. H. W. Tischbein

De Johann Georg Adam Forster gebuer de 27. November 1754 zu Nassenhuben bei Danzeg (haut Mokry Dwór a Polen) a gestuerwen den 10. Januar 1794 zu Paräis) war een däitsche Naturfuerscher, Ethnolog, Reesschrëftsteller, Journalist, Essayist a Revolutionär.

Hie war bei der zweeter Weltëmseglung vum James Cook an huet wichteg Beiträg fir d'Geographie an d'Vëlkerkunde vun der Südséi gemaach a gëllt als ee vun de Grënner vun der wëssentschaftlecher Reesliteratur.

Als däitsche Jakobiner huet hien zu de Protagonisten vun der kuerzer Mainzer Republik gehéiert.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen