Glenn Miller

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Glen miller.jpg

Den Alton Glenn Miller, gebuer den 1. Mäerz 1904 zu Clarinda am Iowa, USA, a gestuerwen de 15. Dezember 1944 iwwer der Manche, war en US-amerikaneschen Jazz-Posaunist, Bandleader, Komponist an Arrangeur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Kandheet huet de Glenn Miller am Nebraska, Oklahoma a Colorado verbruecht. Am Highschoolorchester vu Fort Morgan huet hien Trombone gespillt, dat huet et him erlaabt, zwee Joer laang gratis ze studéieren. No engem kuerzen Openthalt op der Universitéit vu Colorado gouf hien 1926 Member vun der Ben Pollack Band, déi en awer no zwee Joer erëm verlooss huet. Vun 1929 bis 1937 war de Glenn Miller onofhängegen Trombonist beim Red Nichols, Benny Goodman, dem Ray Noble senger American Band an den Dorsey-Bridder. Mat senger éischter eegener Band huet de Miller 1937 e puer Plackenopname bei Brunswick Records an Decca Records gemaach. Mä am selwechte Joer ass d'Grupp ausenanergaangen.

Am Fréijoer 1938 koum den Duerchbroch. De Miller huet eng nei Band gegrënnt a krut e Vertrag fir dräi Méint am Glen Island Casino op Long Island. Duerch vill Radiosendunge gouf säi perséinleche "Sound" bekannt, an deem d'Klarinett de Saxophon féiert. Seng Eegekompositioun Moonlight Serenade gouf zu senger Erkennungsmelodie. 1939 goung et weider mat Little Brown Jug, sengem éischte Milliounen-Hit, In the Mood, 1940 Pennsylvania 6-5000 an Tuxedo Junction an 1941 mat Chattanooga-Choo-Choo a String of Pearls“.

1941 krut de Glenn Miller seng éischt Gëlle Plack fir säin Chattanooga Choo Choo. Am September 1942 huet de Miller säin Orchester verlooss, an en ass an d'Arméi gaangen. Do huet en d'"Army Air Force Orchestra" dirigéiert, en Orchester, dat méi jazzméisseg war wéi dem Miller seng eege Big Band.

No der Befreiung vu Paräis sollt d'"Army Air Force Orchestra" am Dezember 1944 do am Olympia optrieden. De Fliger, deen de Miller sollt iwwer den Äermelkanal bréngen, ass ënnerwee verluere gaangen. Säi Militärorchester gouf doropshi vu sengem Arrrangeur Jerry Gray geleet.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft Honnerte vu "Greatest Hits"-Editiounen:

  • The Complete Glenn Miller and His Orchestra (1938-1942), RCA, op 15 CDen. Dëst ass déiselewecht Editioun, déi Mëtt der siwwenzeger Jore bei RCA/Bluebird op LP erauskoum. Et feelen zwéi Glenn Miller Titelen: Solo Hop, deen op Columbia publizéiert gouf, an Every Day's A Holiday vun deem d'Rechter bei Brunswick sinn. An der Këscht läit e Bichelche vun 141 Säiten. Am Ament (Abrëll 2007) ass déi Editioun vergraff.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • George T. Simon: Glenn Miller and His Orchestra. Da Capo Press (1980). ISBN 0-306-80129-9

Filmer mam Glenn Miller[änneren | Quelltext änneren]

  • Sun Valley Serenade (1941) Regie: H. Bruce Humberstone
  • Orchestra Wives (1942) Regie: Archie Mayo

Film iwwer de Glenn Miller[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glenn Miller – Biller, Videoen oder Audiodateien