Groussherzog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Groussherzog (Franséisch: Grand-duc; Englesch: Grand duke; Italienesch: Grandúca; Laténgesch: magnus dux) ass den Titel vum Regent vun engem Groussherzogtum. An der Rangfolleg vun den Adelstitelen ass et en Titel fir Fürsten am Rang tëschent Kinnek an Herzog.
Déi weiblech Form vum Titel ass Groussherzogin respektiv Grande-duchesse. Deen Tiel ka gedroe ginn vun der Regentin vun engem Groussherzogtum oder vun der Fra vun engem Groussherzog. A Russland war et an der Zäit vun den Zaren den Titel vun de keeserleche Prinzessinnen.
An Europa gouf et bis an d'19. Joerhonnert eng ettlech Groussherzogen. Haut ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land op der Welt mat engem Groussherzog als Staatschef.
Inhaltsverzeechnis |
[änneren] De Lëtzebuerger Groussherzog
Lëtzebuerg ass zënter 1815 e Groussherzogtum. Der lëtzebuerger Verfaassung no (cf. Art. 33) ass de Groussherzog de Staatschef, Symbol vu senger Eenheet a Garant vun der nationaler Onofhängegkeet. Hien übt zesummen mat der Regierung d'exekutiv Gewalt geméiss der Verfaassung an de Gesetzzer vum Land aus.
Den Henri vu Lëtzebuerg ass den aktuelle Groussherzog vu Lëtzebuerg.
D'groussherzoglech Residenz ass um Schlass Bierg zu Kolmer-Bierg.

