Gromperemaschinn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gromperemaschinn ausgestallt zu Nacher

Eng Gromperemaschinn ass e landwirtschaftlecht Geschir fir Gromperen erauszehuelen.

Déi éischt Gromperemaschinne koumen an der Mëtt bis Enn vum 19. Joerhonnert op. Virdrun hu missen d'Gompere mam Spuet, mam Greef oder mat engem Grompereplou erausgeholl ginn.

Eng Gromperemaschinn ass un sech eng einfach Maschinn op zwee stole Rieder, déi vu Päerd oder vun engem Trakter gezu gëtt.

Iwwer dem Fuere vun der Maschinn grueft eng Schuer sech an de Buedem, ënner d'Gromperen, déi doduerch ugehoff ginn, an an de Beräich vun enger Schleider kommen déi dréint, an doduercher d'Grompere vun der Schuer ewechschleidert. D'Schleider besteet aus Gafele mat Zénken do no beienee stinn, a stärefërmeg op enger Achs opmontéiert sinn. D'Kraaft fir dat Ganzt ze dreiwen, gëtt vun de Rieder iwwer e Pont am rechte Wénkel op déi Achs iwwerdroen. Bei méi neie Modeller kann d'Kraaft awer och vun der Zapwell vum Trakter kommen.

Commons: Gromperemaschinn – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen