Guimarães

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Guimarães
Vue iwwer d'Stad
Vue iwwer d'Stad
Land Flag of Portugal.svg Portugal
Regioun : Norte
Ënnerregioun : Ave
Distrikt : Braga
Awunner : 52.181 Aw.  (2006)
Koordinaten : 41° 26' 34" N
08° 17' 38" W
Lag vu Guimarães a Portugal
Lag vu Guimarães a Portugal

Guimarães [ gimɐ'ɾɐ̃ĩʃ ] ass eng Stad mat ronn 52.000 Awunner am Norde vu Portugal am Distrikt Braga. Si war déi éischt Haaptstad vum Land a gëtt dowéinst och Wéi vun der Natioun genannt.

D'Alstad vu Guimarães gehéiert zu der Weltierfschaft vun der UNESCO.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Guimarães läit um Bord vun der Serra da Penha, eng 45 km nordëstlech vu Porto an eng 20 km südëstlech vu Braga.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

960 soll do déi räich galizesch Gräfin Mumadona Dias eng Klouschterbuerg (Castelo de Vimaranes) baue gelooss hunn. Den Henri vun der Bourgogne huet d'Stad 1095 zu der Haaptstad vu senge Grofschafte gemaach an huet ronderëm den Tuerm vum Klouschter eng Buerg opriichte gelooss. Do gouf 15 Joer duerno säi Jong Alfonso I. (Afonso Henriques) gebuer.

No der Schluecht vu São Mamede, de 24. Juni 1128, gouf déi portugisesch Kinnigin Teresa entmuecht.

1140 huet den Alfonso, nodeem en d'Maure geklappt hat, Coimbra zu der éischter Haaptstad vu sengem neie Räich gemaach. 1143 huet Kastilien am Traité vun Zamora missen d'Onofhängegkeet vu Portugal unerkennen.

Am 15. Joerhonnert war Guimarães d'Residenz vun den Herzoge vu Bragança. 1853 huet Guimarães d'Stadrecht kritt.

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Guimarães gouf vum Conseil vun der Europäescher Unioun, zesumme mam slowenesche Maribor, zu der Europäescher Kulturhaaptstad 2012 ausgeruff.

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

Zu den 3 dichtgegste Muséeën zu Guimarães zielen de Museu Alberto Sampaio (Sakral Konscht), de Museu de Arte Primitiva Moderna (Modern naiv Konscht) an de Museu da Socidedade Martins Sarmento.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäert si virun allem déi historesch Alstad, de Castelo d'Kierchen Igreja do São Miguel do Castelo, Igreja Nossa Senhora da Oliveira und Igreja dos Santos Passos an d'Palaisen Paço dos Duques de Bragança a Palácio de Vila Flor.

  • Castelo: Dës al romanesch Buerg gouf an der Mëtt vum 10. Joerhonnert op Uerder vun der galizescher Gréifin Mumadona gebaut, fir d'Stad an d'Klouschter virun Ugrëffer vun den Normannen an Araber ze schützen. De Buergfrid (Torre de Menagem) ass 27 m héich. De Salazar huet d'Buerg an den 1940er Jore renovéiere gelooss.
  • An der Capela São Miguel do Castelo nobäi, vum Ufank vum 12. Jh. gouf 1111 den éischte portugisesche Kinnek Afonso I. (Henriques) gedeeft. An er Entrée steet eng Kopie vum Dafsteen, d'Original ass an der Igreja de Nossa Senhora da Oliveira. Kuckeswäert sinn déi sëlleche Grafplacken am Buedem.
  • Paço Ducal (Paço dos Duques de Bragança): De Palais gouf ëm 1420 vum Afonso H. no franséischem Virbild am normannesch-burgundeschen Stil gebaut.
  • D'Monument vum Afonso Henriques, net wäit ewech, gouf vum Sculpteur António Soares dos Reis 1887 geschafen.
  • De Largo do Brasil ass eng vun de schéinste Plazen an der Stad. op der Südostsäit steet d'barock Igreja dos Santos Passos vu 1769.
  • D' restauréiert Alstad besteet aus enger Abberzuel vu Gässelen, klenge Geschäfter a Konventer. Eng vun de schéinsten an eelste stroossen ass d'Rua de Santa Maria, déi vun der Buerg op d'Zentralplaz, de Largo da Oliveira ("Olivebamplaz") féiert.
  • Dat wichtegst Gebai um Largo da Oliveira ass d'Igreja de Nossa Senhora da Oliveira.
  • Am Kräizgank an an aneren Deeler vund er Kierchass zanter 1928 de Museo Alberto Sampaio installéiert, wou bedeitend Exponater aus Kierchen aus der Regioun ausgestallt ginn.
  • Den Alpendre ass eng quadratesch manuelinesch-gotesche Sailenhal. E steet zanter 1342 virum Westportal vun der Kierch.
  • Dat fréiert Stadhaus (antigos paços do conselho) aus dem 14. Jh., renovéiert Enn vum 17. Jh., steet vis-à-vis vun der Igreja de Nossa Senhora da Oliveira.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Zu Guimarães gëtt et virun allem Textil- a Schongindustrie.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1884 ass Guimarães iwwr d'Linha de Guimarães op Porto un d'portugisescht Eisenbunnsnetz agebonnen. 2004 gouf d'Spur méi breet gemaach an elektrifizéiert. zanterhier gëtt et och eng Direktlinn op Lissabon.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Am Dom-Afonso-Henriques-Stadion vuum Foussballclub Vitória Guimarães mat 30.000 Sëtzplaze goufen e puer Matcher vun der Foussball-Europameeschterschaft 2004 gespillt.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Guimarães ass jumeléiert mat

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guimarães – Biller, Videoen oder Audiodateien