Hëllef:Jargon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dës Säit soll iech en Iwwerbléck iwwer de gängege Wikipedia Jargon ginn, deen dagdeeglech vun de Wikipedianer benotzt gëtt. Ofkierzungen, déi virun allem am Résumé nom Ännere vun engem Artikel benotzt ginn, sinn ënner Resumé erkläert. Zousätzlech kënne mer Iech op d'Lëscht vun den Ofkierzungen (Netzjargon) hiweisen.

Inhaltsverzeechnes A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

A[änneren | Quelltext änneren]

Administrateur: Mat Administrateur ginn déi Leit bezeechent, déi eng Säit definitiv läschen oder blockéiere kënnen, an och anonym a registréiert User blockéiere kënnen, wann et noutwenneg ass. Jiddwereen, deen zanter enger Zäitchen u Wikipedia matgeschafft huet, kann Administrator ginn, de Fall gesat et gëtt keng legitim Oppositioun. Liest heizou och Wikipedia:Administratoren.

Artikel: Mat Artikel menge mer eng Wikipedia-Säit déi enger enzyklopedescher Entrée entsprécht. Dovun ausgeschloss sinn de Moment zum Beispill d'Wikipedia-Säite mat gréngem Hannergrond (am Monobook Stil) asw.

Änneren: Wa mer Artikelen änneren, editéiere mer se (engl. to edit). Dëst beinhalt souwuel eng einfach Ännerung, andeems der méi Informatiounen dozou bäidrot, oder awer och wann der e ganz neien Artikel opsetze wëllt.

B[änneren | Quelltext änneren]

Bot: D'Wuert Bot kënnt vum Wuert Roboter. Am Kader vu Wikipedia sinn dëst kleng automatesch Programmer zur Kreatioun oder der Mise à jour vu Säiten. Liest heizou och Wikipedia:Bot.

E[änneren | Quelltext änneren]

Editeur: Vum engleschen editor ass den Editeur deejéinegen, deen um Artikel schafft. Am Allgemengen bezeechne mer eis "Mataarbechter" als Wikipedianer.

G[änneren | Quelltext änneren]

Gewënschte Säiten: D'gewënschte Säite sinn eng Rubrik vun de Spezialsäiten, déi automatesch generéiert gëtt. De System kuckt einfach op wéi een Titel vun engem Artikel deen et nach net gëtt déi meescht Linken hiweisen, a rechent sech dann eng Tabell aus, déi der hei Special:Wantedpages kucke kënnt.

GFDL: GFDL steet fir GNU Free Documentation License. Dat ass d'Lizenz ënner där an der Wikipedia Artikelen, Biller asw. verëffentlecht ginn. Fir méi Informatioun, kuckt d'Artikele Wikipedia:Copyright a GFDL.

H[änneren | Quelltext änneren]

Historique: Den Historique ass d'Gesamtheet vun den Ännerunge vun enger Säit, déi all Mënsch nokucke kann. Domat kënnt der d'Evolutioun vun enger Säit matverfollegen, vum Ufank bis zur leschter Ännerung. Den Historique erlaabt et och am Fall vu Vandalismus eng fréier Versioun vun enger Säit erëm hierzestellen, andeems een déi lescht valabel Versioun vun der Säit opmécht an nach eng Kéier frësch ofspäichert.

I[änneren | Quelltext änneren]

Interwiki-Linken (en, fr, de...): Dës Ofkierzunge sti fir déi aner Wikipediaen an anere Sproochen. Benotzt gi se net nëmmen am Numm vun der Wikipedia (lb.wikipedia.org) mä och bei de sougenannten Interwiki-Linken. Dës zwee Buschtawen entspriechen dem internationale Lännercode no der ISO 639 Norm. Um Site http://www.loc.gov/standards/iso639-2/ fannt Dir eng komplett Lëscht.

E puer Beispiller: en = "englesch" - fr = "franséisch" - de = "däitsch" - ja = "japanesch" - lb = "lëtzebuergesch" - nl = "hollännesch" asw.

K[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz Artikelen: Kuerz Artikele sinn, wéi de Numm et scho seet, net extrem grouss, mä awer grouss genuch fir iwwer dem Stadium vun enger Skizz ze stoen. Eng Lëscht vun de kuerzen Artikelen, déi och zu de Spezialsäiten gehéiert, an eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Spezial:Kuerz Säiten.

L[änneren | Quelltext änneren]

Laang Artikelen:Wéi de Numm et scho seet, si laang Artikelen Artikele vun enger gewësser Gréisst. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Special:Longpages.

N[änneren | Quelltext änneren]

NPOV: NPOV steet fir Neutral Point Of View, also en neutrale point de vue. Wat genee fir Wikipedia dorënner ze verstoen ass, liest dir am beschten am Artikel Wikipedia:Neutralitéit.

R[änneren | Quelltext änneren]

Redirect: Redirect-Säiten hunn u sech nëmmen de But op eng aner Säit weiderzeleeden. Dëst ass zum Beispill de Fall beim Artikel Julius Cäsar, deen op Gaius Iulius Caesar weidergeleet gëtt. Dëst kann dee Moment ganz nëtzlech sinn, zumools bei Ofkierzungen, déi ëmmer op den ausgeschriwwenen Titel redirigéiere sollen (Beispill USA -> Vereenegt Staate vun Amerika). E Redirect maacht der ganz einfach andeems der #VIRULEEDUNG [[Numm vun der Säit op déi redirigéiert gi soll]] dohi schreift.

Rezent Ännerungen: D'rezent Ännerunge sinn eng vum System generéiert Lëscht, wou der déi lescht Ännerungen un der lëtzebuergescher Wikipedia nokucke kënnt. Dës Lëscht fannt Dir am Menü op der lénkser Säit oder andeems der direkt heihi klickt: Spezial:Rezent Ännerungen.

S[änneren | Quelltext änneren]

Sakgaassartikelen: Sakgaassartikele sinn Artikelen déi néierens hiféieren. Dëst geschitt entweder doduerch datt all d'Linken am Artikel nach rout sinn, et déi Artikelen also net gëtt, an dee Moment d'Linken néierens landen. En anere Fall ass, wann et am Artikel selwer guer keng Linke gëtt. Wann also e Lieser op eng Sakgaasssäit geréit, kënnt e vun do bei senger Wanderung net méi weider. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner Special:Deadendpages.

Säit réckelen: Eigentlech ass mat réckele gemengt, datt d'Säit ëmbenannt gëtt. Praktesch gesäit dëst sou aus, datt alles vun der aler Säit op eng nei Säit mat neiem Numm eriwwergeholl gëtt, mat der Diskussiounssäit, an de ganzen Historique bleift bestoen. Op der aler Säit gëtt e Redirect op déi nei automatesch agesat.

Skizz: Am Englesche stub genannt, sinn d'Skizzen op Wikipedia Artikelen déi nëmmen aus knapps zéng Zeile bestinn, an dofir nach kee vollwärtegen Artikel duerstelle kënnen. Eng Lëscht vun aktuelle Skizzen fannt dir ënner. Bei sou Säite gesitt der, datt folgende Message iwwer dem Artikel steet: Schabloun:Skizz.

W[änneren | Quelltext änneren]

Weesesäiten: Eng Weesesäit entsteet, wa keen aneren Artikel op dës spezifesch Säit linkt. Eng Lëscht, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, kann hei Special:Lonelypages konsultéiert ginn.

Wikipedia: D'Wikipedia ass de Gesamtbegrëff fir dës Enzyklopädie. Genee Detailer fannt dir am Artikel iwwer Wikipedia.

Wikifikatioun: Mat Wikifikatioun oder Wikifizéirung bezeechne mer d'Formatéiere vun engem Artikel no de Stilkonventiounen a Regele vu Wikipedia. Dëst beinhalt ënner anerem Linke bäisetzen, Interwiki-Linke schafen oder Kategorië bäisetzen.

Z[änneren | Quelltext änneren]

Zrécksetzen: Mat der Funktioun zrécksetzen ass et méiglech, en Artikel op eng fréier Versioun am Historique zréckzesetzen, obwuel méi eng rezent besteet. Dëst geschitt meeschtens a Fäll vu Vandalismus.