Wikipedia:Copyright
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'GNU Free Documentation License (GFDL) erlaabt et, Artikel vu Wikipedia och entzwuesch anescht ze benotzen. Dobäi mussen allerdéngs d'Lizenzbedingungen vun der GFDL beuecht ginn. Als Dokument am Sënn vun der Lizenz gëllt all Artikel eenzel (also net Wikipedia als e Ganzt).
- Permission is granted to copy, distribute and/or modify this document under the terms of the GNU Free Documentation License, Version 1.2 or any later version published by the Free Software Foundation; with no Invariant Sections, with no Front-Cover Texts, and with no Back-Cover Texts.
- A copy of the license is included in the section entitled "GNU Free Documentation License".
D'Lizenz staamt ursprénglech aus dem US-amerikanesche Recht a gouf fir Softwaredokumetatiounen opgestallt an net fir e Projet wéi Wikipedia. D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen am Moment un allgemenge Richtlinne wat d'Benotzung vum Wikipedia-Contenu ugeet. Folgend Bestëmmungen hunn dee Moment keng Kraaft vru Geriicht an sinn temporär. Am Zweifelsfall gëllt d'GFDL-Lizenz.
Beuecht w.e.g. datt d'Anhale vun der GFDL-Lizenz iech net vun anere Rechter entbënnt, besonnesch deene vun der Wikimedia Foundation um Numm Wikipedia. Vermeid w.e.g. alles wat zu enger Verwiesslung tëscht ärer Homepage a Wikipedia féiere kéint.
[änneren] Onverännert Kopien
Eenzel Artikelen oder de komplette Contenu vu Wikipedia duerf fir Print- oder Onlinerepublikatioune benotzt ginn. Dobäi sollt der den zweeten Abschnitt vun der GFDL beuechten. Dobäi muss eng vollstänneg Kopie gemaach ginn, also och den Historique mat den Nimm vun den diversen Auteuren.
Liest heizou och: http://en.wikipedia.org/wiki/wikipedia:verbatim_copying
[änneren] Ännerungen
Ginn Deeler vum Artikel geännert, sou sief op den Abschnitt 4 vun der GFDL opmierksam gemaach. Folgendes muss dobäi erfëllt sinn:
- déi verännert Versioun muss erëm ënnert der GFDL lizenséiert sinn
- et muss op den Original higewise ginn
- den Zougank zu enger "transparent copy" muss méiglech sinn
[änneren] Praktesch Uwennung fir Online-Medien
Am Fall vun enger online Verbreedung vum Wikipedia Contenu besteet en informellt "Gentlemen-Agreement": An der Regel sinn d'Auteuren domadder averstane wann folgende Saz an all kopéierten Artikel geschriwwe gëtt:
|
Dësen Artikel baséiert um Artikel "XYZ" aus der fräier Enzyklopedie Wikipedia a steet ënnert der GNU Free Documentation Lizenz. Op Wikipedia ass eng Lëscht vun den Auteure verfügbar, do kann een den Artikel och änneren. |
"Wikipedia" sollt en direkte Link op d'lëtzebuergesch Haaptsäit hunn, "XYZ" en direkte Link op denspezifeschen Artikel, "Lëscht vun den Auteuren" op den Historique vum Artikel, "änneren" op d'Editéier-Fënster vum Artikel an d'"GFDL" sollt op eng lokal (!) Kopie vun der Lizenz linken.

