Hëllef:Sichen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, op der Wikipedia eng Säit ze sichen:
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Intern Sichfunktioun
Fir den Artikelbestand vun der Wikipedia ze duerchsichen, gëtt et op der lénker Säit am Menu zwee Knäppercher, Artikel a Volltext-Sich. Wann een do e Wuert agëtt, an op Enter oder Artikel klickt, lant een am beschte Fall direkt beim Artikel mat deem Numm. Wann et keen Artikel mat genee deem Numm gëtt, da gëtt een automatesch op d'Volltextsich weidergeleet, déi net op den Artikelnumm limitéiert ass, mee de ganzen Text vun allen Artikele nom Stéchwuert duerchsicht, dat een aginn huet. Et kann een dës Volltextsich awer och direkt starten iwwert de Knäppche mam selwechten Numm, oder iwwert d'Artikelsich, bei deer een d'Sich och op aner Nimmraim wéi just den normalen Enzyklopedieberäich dirigéiere kann.
[änneren] Extern Sichmaschinnen
Wéinst der staarker Belaaschtung vum Server kann déi intern Volltext-Sich vu Wikipedia zäitweis desaktivéiert ginn (den Artikel-Knäppche funktionéiert awer ëmmer). Da kritt der d'Méiglechkeet, iwwert extern Sichmaschinnen am Text vu Wikipedia-Säiten ze sichen, an zwar all Nimmräim abegraff. Et kann allerdéngs passéieren, datt d'Resultater net ëmmer dem aktuelle Stand entspriechen.
- Google (lëtzebuergesch Wikipedia)
- Google (all Wikipediaen)
- Sich no Artikelen zu Persounen (däitsch Wikipedia)
[änneren] Kategorien
D'Kategoriësäite ginn automatesch generéiert. Si lëschten an alphabetescher Reiefolleg d'Artikelen op, déi an eng bestëmmte Kategorie gesat goufen. Als gudde Startpunkt an dës Struktur kann d'Haaptkategorie dingen. Den aktuelle Kategoriëbam vun der Wikipedia ka mam Tool CatTree ugekuckt ginn.
[änneren] Portaler
An eng Rei vun Themegebidder kann een duerch e Portal eraklammen. Esou e Portal bitt eng Auswiel vun de wichtegsten Artikelen zum Thema ëm dat et grad geet.
[änneren] Alphabeteschen Index
Den Alphabeteschen Index gëtt eng Iwwersiicht iwwert all d'Artikelen, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt, schéin alphabetesch zortéiert.
[änneren] Lëschten
Et gëtt och Lëschten déi bei der Navigatioun hëllefe sollen. Lëschte gi manuell gefleegt a sinn heefeg an den Haaptartikele verlinkt. En Iwwerbléck iwwert all Lëschte ginn d'Referenztabellen (manuell gepfleegt) an d'Kategorie vun de Lëschten (automatesch generéiert, enthält all deementspriechend kategoriséiert Lëschten).
[änneren] Haaptartikelen
Wann e bestëmmtent Thema en Haaptartikel huet, da bitt deen net nëmmen en inhaltlechen Iwwerbléck, mee e féiert duerch d'intern Verlinkung och zu weidere relevante Wikipedia-Artikelen déi zum selwechten Thema gehéieren.

