Hans Küng

Vu Wikipedia
Hans Küng
Gebuer 19. Mäerz 1928
Sursee
Gestuerwen 6. Abrëll 2021
Tübingen
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit,
Institut catholique de Paris
Aktivitéit Theolog, Schrëftsteller, Philosoph, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

Den Hans Küng, gebuer den 19. Mäerz 1928 zu Sursee an der Schwäiz a gestuerwen de 6. Abrëll 2021 zu Tübingen, war en Theolog, Auteur, Philosoph a Matgrënner vun der Stëftung Welteethos. Niewent senge villen theologeschen Aarbechten ass hie bekannt fir seng Viraarbecht zur "Erklärung zum Weltethos" fir d'Parlament vun den Weltrelioune vun 1993 zu Chicago.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1935 bis 1948 ass de Küng zu Sursee an zu Luzern an d'Schoul gaangen, fir 1948 säin Ofschloss zu Luzern ze maachen. Vun 1948 bis 1951 huet de Küng Philosophie, an da vun 1951 bis 1955 Theologie zu Roum op der Gregoriana studéiert. Wärend sengem Studium huet sech den Hans Küng vill fir e Seminar iwwer d'Wuelsinn vun Net-Chrëschten intresséiert. De Küng huet wärend sengem siwe Joer laange Studium am Pontificium Collegium Germanicum all Joer dräi oder aacht Deeg laang Exercitia spiritualia gehalen: et ass him dorëms gaange fir Bibelszeenen oder Bibelwierder unzekucken, oder fir sech ganz op Gedanken zu engem reliéise Fest ze fokusséieren.

De Küng soll besonnesch reliéis begaabt gewiescht sinn: hie gouf wärend sengem Studium an déi méi héich Forme vum Gebiet agefouert, an hie soll souguer eng gëttlech Presenz gespuert hunn.

Den 10. Oktober 1954 gouf de Küng zum kathoulesche Priister geweit. Vun 1955 bis 1957 huet den Küng op der Sorbonne an um Institut Catholique zu Paräis weider studéiert. A sengem Studium huet hie sech mat der kathoulescher Dogmatik vum Karl Barth ausernee gesat, an huet mat senger Dissertatioun "Rechtfäerdegung. D'Léier vum Karl Barth an eng kathoulesch Besënnung" promovéiert. De Karl Barth huet dem Hans Küng doropshin an engem Bréif zougestëmmt. Hien huet och nach zuu Amsterdam, Berlin, Madrid a London studéiert. Den Hans Küng gouf 1999 vu kierchlech-offizieller Säit zum Virbereeder vun der gemeinsamer Erklärung vun der Rechtfäerdegungsléier bestëmmt.

Professer[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1960 bis zu senger Pensionéierung am Joer 1996 war hie Professer fir ökumeenesch Fuerschung an Direktor vum entspriechenden Institut op der Universitéit Tübingen.
Vun 1962 bis 1965 gouf hie vum Poopst Johannes XXIII zum offiziellen theologesche Beroder (Peritus) beim Zweete Vatikanesche Konzil bestëmmt. Vun 1995 bis 2013 war hie President vun der Stëftung Weltethos.

Wéinst senger kritescher Haltung an der Afrostellung vun der Peepstlecher Onfeelbarkeit gouf him 1979 vum Vatikan d'kierchlech Léierbefugnes (missio canonica) entzunn, mä hien huet säi Léierstull an all priisterlech Rechter behalen.

De Professer Küng ass Auteur vu ganz ville Bicher, déi a vill Sproochen iwwersat goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]