Hary Trauffler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller Hary (Henri) Trauffler. Fir eng aner Persoun mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henri Trauffler (Professer).
Hary Trauffler
Gebuer 17. November 1890
Bungeref
Gestuerwen 15. Dezember 1971
Mamer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Henri ("Hary") Trauffler, de 17. November 1890 zu Bungeref gebuer an de 15. Dezember 1971 zu Mamer gestuerwen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Editeur a Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1913 bis 1951 war hie Schoulmeeschter zu Mamer[1] an huet sech bis zu sengem Doud um kulturelle Liewe vu Mamer bedeelegt. Hien ass Auteur vu sëllegen Theaterstécker a gëtt als de Pionéier vum lëtzebuergesche Kannertheater ugesinn.

Hien huet d'Kannerzeitung "Die Morgenglocken"[2] gegrënnt a war Chefredakter tëscht 1921 a 1931. Säin Theaterstéck "Nikolaus Mameranus" gouf fir de 400. Doudesdag vun dësem eminente Mamer Bierger komponéiert an opgefouert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Trauffler, Hary, 1921. Zockerzongen: Märchespill fir Jongen aus dem gelöschterigen 20. Johrhonnert. 28 S., P. Worré-Mertens, Lëtzebuerg.
  • Trauffler, H. & M. Wagener, 1930. Im Gottesgarten. Bildausstattung: Ida Bohatta-Morpugo. Sternbücherei für kleine Leute / Verlag d. Schulbrüder Bd. 6. 78 S., Verlag d. Schulbrüder, Kirnach-Villingen.
  • Trauffler, Hary, 1931. Kannertheater: eng Sammlung vu Letzeburger löschteger Steckelcher. 207 S., P. Worré-Mertens, Lëtzebuerg.
  • Trauffler, Hary, 1933. Unser tägliches Brot gib uns heute. Winke und Wege. Beihefte zum "Luxemburger Schulfreund", Heft 2. 32 S., J. Beffort, Luxemburg.
  • Trauffler, Hary, 1939. Eine frühere Heimarbeit. S. 100 in: Der Kanton Capellen: Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs / hrsg. vom Organisations-Comité der Kantonalfeier in Cap, am 11. Juni 1939. Capellen.
  • Trauffler, Hary, 1939. Beim Waldteufel im Juckelsbusch. S. 271-274 in: Der Kanton Capellen: Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs / hrsg. vom Organisations-Comité der Kantonalfeier in Cap, am 11. Juni 1939. Capellen.
  • Trauffler, Hary, 1950. Eng gölde We’: Féerie fir Kanner: 3 Akten an 1 léwigt Bild: Ze’it: virun 100 Joer. Text: H. Trauffler ; Musek: Jean Eiffes. Collection Letzeburger Theaterstécker Bd. 219. 87 S., P. Worré-Mertens, Lëtzebuerg.
  • Trauffler, Hary, 1950. Kanner-Theater. Eng Sammlung vu Letzeburger löschteger Stéckelcher. Band V. 63 S., P. Worré-Mertens, Lëtzebuerg.
  • Trauffler, Hary, 1953. D'Kapell um Wobierg. En Theaterstéck. Dréckerei? (D'Stéck gouf 1953 zu Biissen opgefouert, wéi d'Par den 100. Gebuertsdag vun der Pressessioun bei d'Kapell um Wobierg gefeiert huet).[Source?]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diederich, V., 1972. Henri Trauffler †. In: Institut grand-ducal. Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie. Bulletin linguistique et ethnologique, fasc. 18, S. 100-102.
  • Diederich, V., 1972. Henri Trauffler †, 1890-1971. In: Bulletin de l'Association des Instituteurs réunis du Grand-Duché de Luxembourg, Nr. 1, S. 3-6.
  • G. Goetzinger & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (H. Trauffler: S. 617-618).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zu Mamer op der Place de l'Indépendance ass eng Schoul no him genannt: "Ecole Henri Trauffler".
  2. D'Kannerzeitung "Die Morgenglocken" huet vun 1921 bis 1941 bestanen, cf. Hermes, Monique, 1984. 100 Jahre Luxemburger Kinderzeitungen (1884-1984). In: Die Warte 37, n° 30: 1; n° 31: 1+4; n° 32: 1 ; n° 33: 1. – 1. Karl Mersch und seine Kinderzeitung: "Kommt mit mir!". 2. Arthur Hary: "Die Tage der Rosen" und "Zeitung für kleine Leute". 3. Henri Trauffler/Jean-Paul Greisch: "Morgenglocken" (1921-1941). 4. Die "Revue de la Jeunesse" (ab 1949).