Henri Kugener
Henri Kugener | |
---|---|
Gebuer |
14. November 1943 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Februar 2022 Innsbruck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gynekolog |
Den Henri Kugener, gebuer de 14. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 23. Februar 2022 zu Innsbruck[1], war ee lëtzebuergeschen Dokter (Gynekolog), Medezinhistoriker an Auteur.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Henri Kugener huet seng Secondairesstudien (B latine) am Stater Kolléisch 1963 ofgeschloss an duerno Medezin zu Freiburg im Breisgau studéiert. Hien ass Spezialist fir Fraemedezin a Gebuertshëllef ginn. Hie war Member vum Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine vum Centre universitaire; 2002 gouf hie Chargé de cours fir Medezingeschicht op de Cours universitaires resp. op der Uni Lëtzebuerg.[2] Hien huet reegelméisseg Konferenze gehalen a wëssenschaftlech Artikelen oder Aufsätz a senger Spezialitéit, respektiv am Beräich Medezingeschicht, publizéiert.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Die zivilen und militärischen Ärtzte und Chirurgen in Luxemburg - Von den Anfängen bis 1914 ; Lëtzebuerg (Eegeverlag), 1995.
- Krankenpflege und Spitalwesen in Mittelalter und Neuzeit am Beispiel des "Hospice Saint-Jean"; in: ons stad, Lëtzebuerg, Nr. 50 (Dezember 1995); Ss. 4-9 (ill.).
- Sauberes Wasser für die Stadt Luxemburg; in: ons stad, Lëtzebuerg, Nr. 75 (Abrëll 2004); Ss. 22-29 (ill.).
- Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Grossherzogtum [sic] Luxemburg; 3 Bänn (A-G, H-R an S-Z) iwwer ronn 5000 Medezinner an Apdikter vun 1260 bis 2005, 1341 Säiten am Ganzen; Lëtzebuerg (Eegeverlag), 2005. ISBN 978-2-9599882-1-9
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Wort 2022-02-26, Nr. 48, S. 76 (Avis mortuaires).
- ↑ Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 893. — Hie war do den Nofollger vum Jos Massard.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- kugener.com
- Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker Buchbespriechung vum Georges Theves.