Humain

Vu Wikipedia
Humain
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Gemeng Marche-en-Famenne
Koordinaten 50° 12’ 00’’ N
      05° 15’ 00’’ O
Postcode 6900

Humain op Wallounesch Umin ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Marche-en-Famenne an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zu der Belscher Gemengereform vun 1977 war Humain eng eegestänneg Gemeng.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Humain gouf 1796 gegrënnt an huet deemools zum Departement Sambre-et-Meuse gehéiert. Si huet aus den Uertschaften Humain an Havrenne bestanen.

1839 gouf d'Gemeng un d'Provënz Lëtzebuerg ugeschloss. Bei de Gemengefusioune vun 1977 gouf d'Uertschaft Havrenne an d'Gemeng Rochefort integréiert.

Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Eng ronn 1.300 Meter vun der Uertschaft steet e radioastronomeschen Observatoire mat Interferometer fir Sonnenobservatiounen, dee vum Observatoire royal de Belgique bedriwwe gëtt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Observatoire vun Humain.


Uertschaften an der Gemeng Marche-en-Famenne

Sektiounen: AyeHargimontHumainMarcheOnRoyWaha
Aner Uertschaften: Champlon-Famenne · Grimbiémont · Hollogne · Lignières · Marloie · Verdenne