INES-Skala
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'INES-Skala (International Nuclear Event Scale) ass eng Skala, mat där Tëschefäll an Atomzentralen, haaptsächlech Kraaftwierker, bewäert ginn. D'Skala geet vun 0 bis 7.
Et gëtt all Tëschefall, deen an enger Atomzentral zustane kënnt, mat dëser Skala bewäert. Dobäi ginn et zwéi wichteg Critèren: D'Beanträchtegung vun der Sécherheet vun der Atomzentral an d'Auswierkung vun der Radioaktivitéit (bannent a baussent der Zentral).
Bis haut goufen 2 Onglécker, dat vun Tschernobyl am Joer 1986 an dat vu Fukushima am Joer 2011, als Tëschefäll vum Niveau 7 aklasséiert.
| Stuf | Bezeechnung | Auswierkungen |
|---|---|---|
| 0 | / | Keng sécherheetstechnesch Bedeitung |
| 1 | Stéierung | Ofwäichung vum normale Betrib am der Atomzentral |
| 2 | Stéierfall | Liicht Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral |
| 3 | eeschte Stéierfall | * minimal Fräisetzung vu Radioaktivitéit
|
| 4 | liichten Accident | * Reakterschued
|
| 5 | eeschten Accident | * schwéiere Reakterschued
|
| 6 | schwéieren Accident | * héich radioaktiv Fräisetzung |
| 7 | katastrophalen Accident | * direkte Kontakt vun der Radioaktivitéit mat der Bevëlkerung
|