Ikonoklasmus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ikonoklasmus (v. algr. εικών - "Bild" a κλαστειν - "zerbriechen") ass d'Zerstéiere vun Ikonen, Symboler a Monumenter, dacks aus reliéisen oder politesche Motiven.

Am Chrëschtentum koum et am 8. an am 9. Joerhonnert am Byzantesche Räich zu zwou Periode vu Billerstierm, déi awer vun den deemolege Peepst schaarf veruerteelt goufen. Am 16. Joerhonnert huet d'Reformatiounsbewegung zum Stuerm op de kathouleschen Iwwerschwang geblosen.

Am Islam gëtt et keen direkt Billerverbuet, mee eng Rei Äusserunge vum Mohammed deiten drop hin datt e bildlech Duerstellungen ofgelehnt huet, sou datt déi rar vu Wüstennomade geschafe fréiislamesch Duerstellungen am Laf vun der Zäit Affer vun Ikonoklaste gi sinn. Mee och helleg Bildwierker vun anere Relioune sinn net viru muslimesch-ikonoklasteschen Iwwergrëffer sécher. Sou gouf et z.B. ënnert den Ommajaden eng sëlleche Billerstierm géint chrëschtlech figurativ Konscht. An der Neizäit kann een ë.a. d'Zerstéirung vu risege Buddhastatuen a Freske bei Bamian duerch d'Taliban, an d'Zerschloe vu virislamesche Statuen a Muséeë am Afghanistan ernimmen.

Och am Alen Egypten gouf et Ikonoklasmus, sou d'Ofrappe vun alle Statue vun der Kinnigin Hatschepsut duerch hiren Nofolger Tutmosis, oder d'Ausmeessele vun egyptesche Gottheeten an der réimescher Zäit.

D'Ikoneverbrennunge während der russescher Revolutioun falen och dorënner.

Commons: Ikonoklasmus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen