Anheuser-Busch InBev

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) InBev)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Inbev Logo.gif

Anheuser-Busch InBev ass nom Volume déi gréisst Brauereiskette vun der Welt .

D'Entreprise gouf 2004 duerch d'Fusion vun der belscher Interbrew an der brasilianescher AmBev gegrënnt. No der Fusioun vun deenen zwéi Béierproduzenten, krut se den Numm InBev.

Den 12. Juni 2008 huet InBev annoncéiert datt se eng Offer vu 46 Milliaren Dollar gemaach huet fir Anheuser-Busch, déi gréisst Brauerei an den USA, opzekafen. Nodeem déi Offer op 52 Milliarden eropgeschrauft gouf, huet de Verwaltungsrot vun Anheuser-Busch se den 13. Juli 2008 ugeholl. Duerno gouf den Numm an Anheuser-Busch InBev geännert.

De Sëtz vun der Firma ass zu Léiwen an der Belsch, an den CEO ass de Carlos Brito.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Interbrew[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Brauerei geet an d'Joer 1366 zréck op d'Brauerei Den Hoven vu Léiwen. 1717 gouf dës Brauerei an Artois ëmbenannt.

1987 fusionéieren d'Brauerei Artois, zweetgréisste Brasseur an der Belsch, an d'Brasserie Piedboeuf, de gréisste Brasseur an der Belsch, deem ënner anerem d'Brauerei Jupiler gehéiert.

Béid Brauereien haten an der Vergaangenheet schonn e puer auslännesch Brauereien opkaaft. 1991 vergréissert sech d'Interbrew radikal duerch d'Opkafe vun engen ronn 30 Marke weltwäit.

AmBev[änneren | Quelltext änneren]

D'Companhia de Bebidas das Américas (AmBev) ass duerch d'Fusioun vun de brasilianesche Brauereien Antarctica a Brahma entstanen a war haaptsächlech a Südamerika vertrueden.

InBev[änneren | Quelltext änneren]

InBev entsteet schlussendlech duerch d'Fusion vun Interbrew an AmBev. Der Firma gehéiere méi wéi 200 Béiermarken, a si mécht iwwer d'ganz Welt Geschäfter.

Marken[änneren | Quelltext änneren]

E sëlleche Béiersmarken gehéieren InBev. Se sinn an véier Kategorien agedeelt.

International Béiermarken[änneren | Quelltext änneren]

International Spezialbéier[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoegarden (Belsch)
  • Leffe (Belsch)

Multilänner Marken[änneren | Quelltext änneren]

  • Bass (England)
  • Staropramen (Tschechech Republik)

Lokale Béier[änneren | Quelltext änneren]

  • Alexander Keith's (Kanada)
  • Antarctica (Brasilien)
  • AstikA (Bulgarien)
  • Baisha (China)
  • BagBier (Russland)
  • Belle-Vue (Belsch)
  • Bergenbier (Rumänien)
  • Bodingtons (Vereenegt Kinnekräich)
  • Bohemia (Brasilien)
  • Borsodi Sör (Ungarn)
  • Boomerang (Frankräich)
  • Bozicno (Kroatien)
  • Borostyán (Ungarn)
  • Cafri (Süd-Korea)
  • Caracu (Brasilien)
  • Cass (Süd-Korea)
  • Chernigivske (Ukraine)
  • Diebels (Däitschland)
  • Diekirch (Lëtzebuerg)
  • Dimix (Däitschland)
  • Dommelsch (Holland)
  • Double Deer (China)
  • Franziskaner (Däitschland)
  • Gilde Ratskeller (Däitschland)
  • Haake-Beek (Däitschland)
  • Hasseröder (Däitschland)
  • Hertog Jan (Holland)
  • Hougaerdse Das (Belsch)
  • Jelen Pivo (Serbien-Montenegro)
  • Jingling (China)
  • Jinlongquan (China)
  • Julius (Belsch)
  • Jupiler (Belsch)
  • KK (China)
  • Kamenitza (Bulgarien)
  • Klinkskoye (Russland)
  • Kokanee (Kanada)
  • La Bécasse (Frankräich)
  • LaBatt (Kanada)
  • Liber (Brasilien)
  • Löwenbräu (Däitschland)
  • Mousel (Lëtzebuerg)
  • Nik (Serbien-Montenegro)
  • Noroc (Rumänien)
  • OB (Südkorea)
  • Oranjebom (Holland)
  • Ozujsko Pivo (Kroatien)
  • Permskoye Gubernskoye (Russland)
  • Piedboeuf (Belsch)
  • Red Shiliang (China)
  • Rifey (Russland)
  • Rock Green Light (Amerika)
  • Rogan (Ukraine)
  • Rolling Rock (Amerika)
  • Safir (Belsch)
  • Santai (China)
  • Sibirskaya Korona (Russland)
  • Skol (Brasilien)
  • Spaten (Däitschland)
  • St.Pauli Girl (Amerika)
  • Taller (Ukraine)
  • Tennent's (Vereenegt Kinnekräich)
  • Tolstiak (Russland)
  • Tomislav (Kroatien)
  • Vieux Temps (Belsch)
  • Wolters (Däitschland)
  • Yali (China)
  • Yantar (Ukraine)
  • Zizhulin (China)
  • Zhujiang (China)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anheuser–Busch InBev – Biller, Videoen oder Audiodateien