Intelligent Design

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Intelligent Design (engl.: "intelligenten Entworf"), ofgekierzt ID, ass eng Doktrin, déi ähnlech Virstellunge wéi déi vum Kreationismus vertrëtt. En ass am 20. Joerhonnert an den U.S.A. opgetaucht.

Theorie vum ID [änneren]

De ganze biologeschen Opbau vum mënschleche Kierper ass esou komplex, datt en net vun Natur aus entstanen ass, mee vun engem Schöpfer, enger méi héijer Intelligenz, dem Intelligent Designer (aus juristeche Grënn vermeiden d'Unhänger vun dëser Theorie, datt mat dësem Designer Gott gemengt ass), entworf gi muss sinn. D'Evolutioun gëtt net bestridden, mee se baséiert net op der Mutatioun a Selektioun vum Darwin, se gëtt nämlech bewosst vun der Intelligenz gesteiert.

Commons: Intelligent design – Biller, Videoen oder Audiodateien