Jarkowski-Effet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jarkowski-Effet gouf ëm 1900 vum russesch-polneschen Ingenieur Iwan Ossipowitsch Jarkowski beschriwwen a no him genannt. En erkläert den Afloss vun enger schwankender Asteroidenuewerflächenerwärmung op hirem Bunnverlaf.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

1: Uewerflächestralung,
2: prograd rotéierent Objet,
3: Orbit,
4: Sonnenastralung

D'Ursaach fir de Jarkowski-Effet läit an der ënnerschiddlech staarker Erwiermung vun den Asteroidenuewerflächen („Säiten“). D'"Nomëttegsäit" ass dobäi méi waarm wéi d'"Virmëttegsäit", well déi Lescht duerch déi virausgoend Nuecht ausgekillt ass. De Grad vun der Erwiermung an d'Stäerkt vum Effet hänken dobäi ë. a. nach vun der Rotatioun, der Uewerflächenbeschaaffenheet (Reflexioun resp. Albedo) an der Wäermeleetfäegkeet vum Asteroid of. Vun der waarmer Säit geet logescherweis méi Wäermestralung fort wéi vun der kaler Säit; entspriechend dem ënnerschiddlechen Stralungsdrock kënnt et zu enger (niddreger) Kraaft op den Himmelskierper. Vu besonneschem Interessi ass d'Kraaftwirkung tangential zu der Ëmlafbunn, déi zu enger séierer oder lueser Vitesse vum Himmelskierper féiert. Als Folleg ginn d'Bunnen vun den Asteroiden, déi sech a Richtung vun hirer Fluchbunn ëm déi eegen Achs dréien (prograd), no bausse gedréckt an déi vun deenen, dären Eegendréiung entgéint der Fluchbunn (retrograd) verleeft, no bannen verännert.

De Jarkowski-Effet gouf am Fall vum Asteroid Golevka bestätegt. Golevka ass e relativ onopfälleges, duerchschnëttlech groussen äerdnoen Objet vu ronn 0,5 km Gréisst. Trotz der klenger Kraaft vum Effet gouf den Asteroid a nëmme 12 Joer ronn 15 km vu senger Bunn ofgedréit.

Weider Fuerschungen vun der polnescher Adam-Mickiewicz-Universitéit weisen, datt allgemeng Bunnännerungen vun Asteroiden a Richtung bannenzegt Sonnesystem net nëmmen duerch Zesummenstéiss, mä am héije Mooss duerch den Jarkowski-Effet veruersacht gëtt. Objete, déi an der Haaptasteroidenceinture tëscht Mars a Jupiter hir Ëmlafbunn hun, kënnen op dës Weis zu engem äerdnoen Objet ginn, dat d'Ëmlafbunn vun der Äerd kräizt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]