Jean Philippe Wagner

Vu Wikipedia
Jean Philippe Wagner
Gebuer 24. Januar 1851
Gestuerwen 11. Februar 1931
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


De Jean Philippe Wagner, gebuer de 24. Januar 1851[1] zu Berbuerg a gestuerwen den 11. Februar 1931 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer.

Schoulmeeschter a Professer[änneren | Quelltext änneren]

De Philippe Wagner huet d'Normalschoul gemaach a war duerno Schoulmeeschter zu Fluessweiler (1869-1873), Viichten (1873-1875) an Ettelbréck (1875-1883). Am August 1874 huet hien den 2. Rang kritt.[2]

De 5. Dezember 1883 huet de Wagner, deen zënter 1878 den 1. Rang als Schoulmeeschter hat, eng Nominatioun als Professer 2. Klass an der neigegrënnter Akerbauschoul vun Ettelbréck kritt. Do huet hien uechtzéng Joer laang enseignéiert, bis de 14. Dezember 1901, wou hie sech krankheetsbedéngt pensionéiere gelooss huet.[3]

President vum Uebst- a Gaardebauveräin[änneren | Quelltext änneren]

De Wagner ass den 2. Juli 1890 «membre correspondant» vun der «Fauna» - Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Am Bulletin vun der «Fauna» huet hien allerdéngs just een eenzegen Artikel, «Die Kohlhernie und ihre Bekämpfung» (1908), publizéiert.

De Ph. Wagner war de President vum «Lëtzebuerger Landes-Uebst- a Gaardebauveräin» (Landes-Obst- und Gartenbauverein ; Association nationale d'arboriculture et d'horticulture du grand-duché de Luxembourg) vun 1906 bis 1928, hie war «membre agrégé» vun der Wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal vun 1924 un, a «membre correspondant» vun der «Académie d'agriculture de France».

Wéi hien den 13. Februar 1931 zu Ettelbréck, begruewe gouf, huet ë. a. de Félix Heuertz als Vizepresident vum Uebst- a Gaardebauveräin, deem säin Éierepresident de Philipp Wagner war, eng Ried gehalen. (Massard 2015, S. 8, 10.)

Auteur vu ville Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Wagner ass den Auteur vu ville Publikatiounen, dorënner och Schoulbicher fir d'Primär- oder d'Akerbauschoul wéi: «Skizzen und Bilder aus der Heimaths-, Vaterlands- und Erdkunde» (Luxemburg 1883), «Geographie für die Luxemburger Schulen» (Luxemburg 1889, 1892, 1900,1903, 1911), «Mathématiques et comptabilité agricoles: manuel à l'usage de l'enseignement et de l'agriculteur (1890, 1891), «Mathématiques, commerce, comptabilité agricoles à l'usage de l'enseignement et de l'agriculteu» (1908). Op enger änlecher Linn läit d'Buch «Der praktische Kaufmann: ein Handbuch zunächst für Kaufleute, Handelsbeflissene und Gewerbetreibende des Luxemburger Landes» (Luxemburg 1899).

E weidert Gebitt, war d'Uebstzuucht mat z. B. dësen Titelen: «L'arboriculture fruitière et la production du cidre, du poiré et de l'eau-de-vie de fruits dans le Grand-Duché de Luxembourg» (1893, extrait du journal: "Le Cidre"), «Organisation des Obsthandels, speziell eines Obstmarktes im Luxemburger Lande» (1896, Separatabdruck aus dem "Luxemburger Obstbaufreund"), «Die Düngung unserer Obstbäume» (Luxemburger Obstbaukalender für das Jahr 1900).

Seng Erkenntnesser, déi hien op Auslandsreese gesammelt, hunn hiren Nidderschlag a sengem Wierk «Landwirtschaftliche Reisebriefe aus Italien und Sicilien» (1903) fonnt.

Eng Rei vun Aarbechte beschäftege sech mat dem Miel vun den Thomasschlaken: «Thomasschlackenmehl und die organischen Dünger im Hackfrucht- und Gemüsebau» (1904, Landw. Zeitschrift für Elsaß-Lothringen), «Neue Beobachtungen und Erfahrungen über Verwendung und Wirkung von Thomasschlackenmehl in schweren Böden» (1904, Annalen des Großh. Acker- und Gartenbauvereins Luxemburg), «Das Thomasmehl, seine Gewinnung und Verwendung: Lichtbildervortrag» (1913, Monatshefte der "Gesellschaft zur Förderung der Wissenschaften, des Ackerbaues und der Künste im Unter-Elsass"), «Düngung mit steigenden Thomasmehlgaben» (1914, Berlin).

Da koumen nach Sujeten zur Sprooch wéi: «Der Luzernebau und seine Wiederbelebung» (Berlin 1905, 1910, 1912), «Die Korbweidenanlagen des Hauses Mercier & Cie. in Kopstal bei Luxemburg (1906, Sonderabdruck aus "Deutsche Landwirtschaftliche Presse") respektiv «Les oseraies de la maison Mercier & Cie à Kopstal (Grand-Duché de Luxembourg)» (1908, Journal de la Société centrale d'agriculture de Belgique).

D'Problemer, déi sech fir d'Landwirtschaft an d'Ernierung vun der Bevëlkerung am Éischte Weltkrich gestallt hunn, huet de Ph. Wagner a follgende Publikatioune behandelt: «Ein Merkblatt für Kleingartenbau unter dem Kriegseinfluß» (Berlin 1915), «Gedanken zur Regenerierung der Kartoffel unter dem Kriegseinfluß» (1915, Sonderabzug aus "Großherzoglicher Ackerbauverein"), «Weizen, und andere Brotfrucht unter dem Kriegseinfluss» (1916, Separatabzug aus "Großherzoglicher Ackerbauverein"), «Thomasmehl, Ernteerträge und Nahrungsmittel-Versorgung im Großherzogtum Luxemburg unter dem Kriegseinfluß» (Luxemburg 1917).

U seng Vergaangenheet als Pedagog huet de Ph. Wagner ugeknäppt mat dem Artikel «Lichtbilder- und Kinovorträge im Dienste des Unterrichtes» (Dresden, Leipzig 1916).

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Dezember 1900 ass hie vum franséische Akerbauminister mat dem «Chevalier du mérite agricole» ausgezeechent ginn. (Massard 2015, S. 8, 10.)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1931. Ehrenpräsident J.-Ph. Wagner †. Luxemburger Obst- und Gartenbaufreund 39, S. 63-65.
  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. II: M-Z, 700 S. [Wagner, Jean-Philippe, S. 555-556].
  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 2274 S.
  • Kn., 1931. J. Ph. Wagner †, 1850-1931. Luxemburger Wort 1931, Nr. 43 (12. Februar): 3. [1]
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302. Corrigenda et addenda, p. 10.
  • Molitor, M. 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung von 1815-1930. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg, 157 S. [Wagner Johann Philippe, S. 74-76].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 10. — Kn. 1931 a Flies 1970, S. 1468 ginn 1850 als Gebuertsjoer un).
  2. Flies 1970, S. 1468.
  3. Flies 1970, S. 1500-1501.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Doudesannonce vum Jean-Philippe Wagner am Luxemburger Wort vum 12. Februar 1931