Jean Vallée (Sänger)

Vu Wikipedia
Jean Vallée
De Jean Vallée beim Eurovision Song Contest 1970
Gebuer 2. Oktober 1941
Verviers
Gestuerwen 12. Mäerz 2014
Thimister-Clermont
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Liddermécher, Televisiounsmoderateur

De Jean Vallée, gebuer als Paul Goeders den 2. Oktober 1941 zu Verviers a gestuerwen den 12. Mäerz 2014 zu Clermont-sur-Berwinne, war e belsche Sänger.

Hien huet d'Belsch beim Eurovision Song Contest 1970 zu Amsterdam mam Lidd "Viens l'oublier" vertrueden. Hie koum op déi 8. Plaz mat 5 Punkten[1]. 1978 huet de Jean Vallée fir d'zweet Kéier d'Belsch beim Eurovision Song Contest 1978 zu Paräis mam Lidd "L'amour ça fait chanter la vie" vertrueden a koum op déi 2. Plaz mat 125 Punkten[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Vallée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=223
  2. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=294