Johann Baptist Cysat

Vu Wikipedia
Johann Baptist Cysat
Gebuer 12. Mee 1585
Luzern
Gestuerwen 3. Mäerz 1657
Luzern
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser

De Johann Baptist Cysat gebuer 1585 zu Luzern; an och do gestuerwen den 3. Mäerz 1657, war e Schwäizer Mathematiker an Astronom. E Gebiergszuch Monticuli Cysati op der Südsäit vum Äerdmound huet säin Numm kritt.

Den Cysat gouf als Jong vum Luzerner Stadsekretär Renward Cysat gebuer. Hien ass 1604 an de Jesuittenuerden agetrueden. Op der Universitéit Ingolstadt huet hie beim Christoph Scheiner Mathematik an Astronomie studéiert. Am Ufank gouf hie Mataarbechter vum Scheiner a gouf am Joer 1618 Professer fir Mathematik. 1622 huet hien Ingolstadt verlooss an ass nees zeréck an d'Schwäiz gaangen. Vu 1624 bis 1627 war hie Rekter vun der Universität Luzern. Nodeem en eng Zäit laang a Spuenie gelieft hat, gouf e 1637 Rekter vun der Universitéit Innsbruck an 1646 Rekter vun der Universitéit Eichstätt. Zum Schluss huet hien nees d'Rektorat vun der Universitéit vu senger Gebuertsstad Luzern iwwerholl.