John-Paul Gomez

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller John-Paul Gomez . Fir de Schachspiller, kuckt wgl. John Paul Gomez.
John-Paul Gomez
Gebuer 11. Juli 1978
Denver
Aktivitéit Schrëftsteller

Den John-Paul Gomez, gebuer den 11. Juli 1978 zu Denver, am Colorado, ass en US-amerikaneschen Englesch-Enseignant, Auteur a Schrëftsteller.[1]Hie lieft zanter 2006 zu Lëtzebuerg.[2]

Liewen a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Den John-Paul Gomez ass am US-Bundesstaat Colorado opgewuess an huet op der University of Colorado – Boulder 2001 e Bachelor, an op der University of New Orleans 2004 e Master an Englesch gemaach. 2007 koum hien op Lëtzebuerg.[2]

Hie schafft ë. a. als Englesch-Enseignant a Free-lance Auteur a schreift geleeëntlech fir d'Publikatiounen Delano a Paperjam, ass den Auteur vun der satirescher Websäit 'Luxemburger Wurst'[3], a bitt seng Servicer un, fir am Optrag fir aner Leit ze schreiwen.[2]

2022 huet seng Kuerzgeschichtesammlung The Idiot of St. Benedict den éischte Präis vum Nationale Literaturconcours gewonnen.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • The Idiot of St. Benedict and other stories. Bridel, Black Fountain Press, 2023.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op autorenlexikon.lu; nogekuckt: 2024-05-08.
  2. 2,0 2,1 2,2 'About me' op writer.lu; nogekuckt: 2023-07-07.
  3. wurst.lu