Jonk Piraten

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
1a rue de Luxembourg
L-8481 Kopstal
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 11. Dezember 2011
Parteipresident: Christian Welter
Websäit: www.jonkpiraten.lu
De Jonk Pirate Comité, nom Kongress 2014

D'Jonk Piraten, ass déi politesch Jugendorganistioun vun der Piratepartei Lëtzebuerg zu Lëtzebuerg.

Se gouf den 11. Dezember 2011 zu Waarken vun dräi Membere vun der Piratepartei gegrënnt a geet der Grondiddi no, déi vun der schweedescher Piratepartei entwéckelt gouf.

Se setzt sech zanter hirer Grënnung am Dezember 2011 fir Jugendproblemer an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Se fuerdert méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer eraus ass se géint all Form vun Zensur. De Prinzip ass d'Basisdemokratie, déi et all Member erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Jugendorganisatioun mat ze bestëmmen. D'Jonk Piraten sinn, wéi déi meescht Parteien zu Lëtzebuerg, pro-europäesch. Se si Member bei der CGJL a bei de Young Pirates of Europe, der Daachorganisatioun vun der internationaler Jugendpiratebeweegung, ausserdeem si bei internationale Konferenzen an Aktiounen derbäi.

D'Jonk Piraten hu sech zu Lëtzebuerg mëttlerweil ënner de politesche Jugendorganisatiounen etabléiert an hu mat verschiddenen Aktiounen op sech opmierksam gemaach, sou ware se z. B. Member am Aktiounscomité Ak6670 an och am Cannabisbündnis dee sech fir d'Legaliséierung vum Cannabis staark mécht.

De Presidium vun de Jonk Pirate besteet aus 8 Memberen. President ass de Christian Welter, Gemengeconseiller zu Péiteng.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jonk Piraten – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Interview mam Journal. Journal. Gekuckt de(n) 8.09.2021.