Joseph Bertrand
Joseph Bertrand | |
---|---|
Gebuer |
August 1857 Léck |
Gestuerwen |
1931 Spa |
Aktivitéit | Offizéier |
De Victor Lambert Joseph Bertrand, gebuer 1857 zu Léck, a gestuerwen 1931 zu Spa war e belsche Lieutenant-Genéral, deen am Éischte Weltkrich bei der Verdeedegung vu Léck eng Roll gespillt huet, an 1914 bei der Schluecht vu Rabosée derbäi war. Hie war Kommandant vun der 3. Divisioun vun der Belscher Arméi vun 1914 bis 1915.
Fir un hien z'erënneren huet d'Stad Léck eng Strooss am Quartier Sainte-Marguerite op den Numm Rue du Général Bertrand gedeeft, an 1934 gouf net wäit vun der Bréck vun Amercoeur, op Initiativ vun der République libre d'Outremeuse e Monument fir hien opgeriicht.