Kanéil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kanéil (dt. Zimt, fr. cannelle - "Réierchen") ass e Gewierz aus der gedréchenter Schuel vu Kanéilsbeem, absëns vum Ceylon-Kanéilsbam. E kënnt hautdesdaags haaptsächlech aus China, Indonesien, a (mat faméiser Qualitéit) Sri Lanka.
E gëtt verkaaft entweder als Staangen, als zesummegrullte Schuelen, oder gemuel als typescht brongt Polfer.
Bekannt ass Kanéil schonn zënter der Antikitéit, déi al Egypter hunn e fir d'Abalsaméierung gebraucht, ernimmt gëtt en och an der Bibel a vum Herodot. Am Mëttelalter koum en och bis an Nordeuropa, wou en eent vun den absëns deiere Gewierzer gouf.
Hautdesdaags fënnt ee Kanéil ënnert anerem am Glouswäin an an däitschen Äppelflueden.