Kesen (Meteorit)

Vu Wikipedia
De Kesen-Meteorit

De Kesen (japanesch: 気仙隕石, Kesen inseki) ass dee gréisste Meteorit, dee bis elo a Japan fonnt gouf. Hien ass als gewéinleche Chondrit vun der Grupp H4 klassifizéiert ginn.

De Meteorit war no Opzeechnunge vum Shogunatgouverneur a Kreesmagistrat, den 13. Juni 1850 op engem Feld virum Tempel Chōen-ji am haitegen Uertsdeel Kesenchō-Ushizawa zu Rikuzentakata an der Prefektur Iwate ageschloen.

Well dat als schlecht Ome gedeit gouf, goufe preventiv d'Dämone mat engem "Tigerdanz" ofgewiert, deen och haut nach als Futsukaichi Toramai all Joer opgefouert gëtt.

Wéi de Keeserleche Musée (haut Nationalmusée Tokio) de Meteorit 1894 krut, huet en 135 kg (36 kan) gewien, woubäi scho virdrun Deeler ofgeschloe waren. Fir wëssenschaftlech Ënnersich goufen dunn nees Stécker ofgetrennt, soudatt de Meteorit haut nëmmen nach 106 kg weit. Dëst gréisst Deelstéck ass am Nationalmusée vun den Naturwëssenschaften ausgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]