Kierch Notre-Dame zu Mont-devant-Sassey

Vu Wikipedia
Kierch Notre-Dame zu Mont-devant-Sassey
Land Frankräich
Gemeng Mont-devant-Sassey
Koordinaten 49°24'43,88"N, 5°9'58,12"O
Kierch Notre-Dame
Portal
Krypta

D'Kierch Notre-Dame zu Mont-devant-Sassey steet op enger Héicht iwwer dem Dierfche Mont-devant-Sassey am Departement Meuse.

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch, där hir Originne bis an d'11. Joerhonnert zeréckginn, steet op engem Fielsvirsprong vun de Côtes de Meuse engem Ausleefer vun der Argonne-Regioun, net wäit ewech vun den Ardennen an dem romaneschen Deel vum belsche Loutrengen, der Gaume.
Mam Auto sinn et vun der Stad Lëtzebuerg aus eng 100 km bis dohin.

Den historesche Wäert[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch ass zanter dem 7. Mäerz 1869 als Monument historique klasséiert.

De Portalvirbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Ikonographie vum Tympanon mat véier Krëmmungen ass leider an engem schlechten Zoustand. Am Zweete Weltkrich huet eng Brandbomm, déi just virun der Kierch erofgefall war, e Brand ausgeléist, deen en Deel vun de Figure beschiedegt huet.

D'Portal[änneren | Quelltext änneren]

D'Portal gläicht dem Südportal op der westlecher Fassad vun der Kathedral vu Reims. Et ass mat deem vun der Basilika Notre-Dame vun Avioth deen eenzege Statuenensembel am Bistum Verdun. Well d'Fachleit net d'accord sinn fir iergendeppes mat de Paarten ze maachen, gesäit een deenen hiren Alter däitlech of.

D'Verwëllef[änneren | Quelltext änneren]

D'Verwëllef a romaneschem Ronnbou (plein cintre) gehalen, ass ganz erhalen.

D'Schëff[änneren | Quelltext änneren]

En typescht Basilika-Schëff, a Kräizform, ass westlech-ëstlech geriicht. De Chouer, am rietsen Eck, schléisst mat enger Apsis mat fënnef Mauerdeeler of.

De Chouer[änneren | Quelltext änneren]

D'Krypta[änneren | Quelltext änneren]

D'Krypta ass vun deem Deel, deen aus dem 12. Joerhonnert staamt, am beschte konservéiert. De Grondrëss ass genee dee selwechte wéi dee vun der Kierch selwer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eglise Notre Dame de Mont-devant-Sassey – Biller, Videoen oder Audiodateien